De Studentebal 2021 fënnt statt! Save the Date!

COVID CHECK

De Studentebal 2021 wäert e COVID Check Event sinn.

Dat heescht, fir um Event deel ze huele muss dir entweder genesen oder vollstänneg geimpft sinn oder dir hutt en zertifiéierten Test virleien (48h bei Schnelltest, 72h bei PCR). Schnelltester sur place wäerten net méiglech sinn.

Falls dir en Ticket kaf hutt, mee iech net un d’COVID Check Reegele gehalen hutt, wäert ären Ticket net rembourséiert ginn.

Musek

Dëst Joer leet den Dasic als Warm-up bis 23:00 d’Musek op, iert den DJ Nosi bis spéit an d‘Nuecht d’Stëmmung am Zelt wäert maachen!

Ticketen - SOLD OUT

Dëst Joer ginn Ticketen vum De Studentebal just online als Virverkaf verkaf!

Am Moment sinn leider all eis Tickete vergraff. Et wäert keng Oweskeess ginn!

Vue dass wéinst der aktueller COVID-19 Pandemie d’Unzuel u Léit begrenzt sinn, sinn och Tickete begrenzt.

Präis: 12€
Axxess Kaart

Fir déi Leit, déi eng Axxess Kaart bei an der Bongekeess an der Entrée vum Haaptzelt kënne virweisen, ginn et wéi déi läscht Jore Gedrénksbongen am Wäert vun 2€.

Happy Hour

Dir sidd ee schlaue Fuss, da kommt éischter op de Bal : Vun 20-22h ass Happy Hour!

Facebook Event

An der nächster Zäit wäerten ëmmer méi Informatiounen an Neiegkeeten zum Bal op eiser Facebook-Page oder op eisem Facebook-Event publizéiert ginn, ënner anerem wäert dir Entréesticketen a Gedrénksbonge gewanne kënnen. Also schnell liken an net är Chance verpassen: ACEL – de Studentevertrieder.

Instagram

Mir halen iech och iwwer Instagram um lafenden. Verfollegt eis iwwer acelluxembourg.

Stänn

Hei fann dir eng Lëscht mat all de Cercle déi bei der Editioun 2021 um Studentebal vertruede sinn, zesumme mat hirem Special Drink:

  • ALUS Stroossbuerg: Hot Lion; AELK Karlsruhe: Tequila; SLUF Freiburg: Schwarzwälder Caipi
  • AELP Paräis: Limoncello Spritz; Letz’Aix Aix-en-Provence:Ex op Aix; LSWü Würzburg: Lillet Wild Berry
  • CELB Bréissel: Bombe Bleue; LESTLE Léck: Peket Shot; GDL Louvain la neuve:Ice Tea Korn
  • LSD Düsseldorf: LSD Shot; LSH Heidelberg: Melounenschnaps; ALESONTIA Bonn: Tingelmingel
  • LSM München: Blue Seppl Shot; LSC Köln: Gin&Tonic; AVL Oochen: Campari-O
  • LSW Wien: Hugo; VLIB Berlin: Berliner Luft; LSI Innsbruck: Almmojito
  • LSS Saarbrécken: Saar Sun; LSNL Holland:Flying Dutchman; LST Tréier: KoMa
  • aACEL Amicale: Picon
  • LSK Kaiserslautern: Grillstand
Divers

Och dëst Joer kënne Bonge mat Kart bezuelt ginn! Oder dir hieft spontan Suen um Bankomat vun der Spuerkeess ob.

Aftermovie

2019

2018

2016

DATESCHUTZHINWEIS

Heimat maache mir, de Comité vun der ACEL, Iech als Visiteur vum ‘De Studentebal’ dorop opmierksam, dass mer wärend dem ganzen Owend vum 24. September 2021 en Fotograf iwwert de Site lafen hunn, deen e Video wäert dréinen.

Dëse Video wäert an Zukunft fir Werbezwecke vun der ACEL benotzt ginn a souwuel ob Facebook, Youtube an Instagram wei och hei um Site gepost ginn an deementspriechend fir all Mënsch siichtbar sinn. De Video wäert ni verkaf ginn oder ob anere Weeër kommerziell verdriwwe ginn.

Falls dir net wëllt ob dësem Video erkannt ginn, schéckt eis eng Mail ob contact@acel.lu mat ärem Uléien.

En tant que visiteur de ‘De Studentebal’, le conseil d’administration de l’ACEL vous informe que pendant toute la soirée du 24 septembre 2021, un photographe va réaliser un film sur le site.

Cette vidéo sera à l’avenir utilisée à des fins promotionnelles de l’ACEL et sera postée sur Facebook, Youtube et Instagram ainsi que sur ce site Web et sera donc visible par toute l’humanité. Cependant, cette vidéo ne sera jamais vendue ou distribuée de manière commerciale.

Si vous ne souhaitez pas figurer dans cette vidéo, envoyez-nous un e-mail avec votre demande à contact@acel.lu.

Hiermit machen wir, der Vorstand der ACEL, Sie als Besucher des ‚De Studentebal‘ darauf aufmerksam, dass während dem ganzen Abend des 24. September 2021 ein Fotograf übers Gelände läuft, der einen Film drehen wird.

Dieses Video wird in Zukunft für Werbezwecke von der ACEL benutzt werden und sowohl auf Facebook, Youtube und Instagram als auch auf dieser Webseite gepostet werden und ist demenstsprechend für die ganze Menschheit sichtbar. Dieses Video wird jedoch nie verkauft oder auf anderen Wegen kommerziell vertrieben werden.

Wenn Sie nicht in diesem Video auftauchen/erkannt werden wollt, senden Sie uns eine E-Mail mit Ihrem Anliegen an contact@acel.lu .