Cerclen

Cerclë sinn Organisatiounen, déi d'Student:innen an enger Stad oder d'Student:inne vun enger bestëmmte Fachrichtung zesummebréngen an informéieren. Et sinn Insider an hirem Gebitt. Vill Lëtzebuerger Student:inne sinn derzou gezwongen hiert Studium am Ausland ze maache well d'Unzuel u komplette Studiegäng, déi d’Universitéit Lëtzebuerg ubitt, begrenzt ass. Dëst ass eng eenzegaarteg Situatioun, déi grouss Virdeeler mat sech bréngt an zur Grënnung vu Studentevereenegungen, sou genannte Cerclen, a villen europäesche Stied gefouert huet. D’Cerclë bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 9 Länner verdeelt. Dorënner ass d’Belsch, Däitschland, Frankräich, England, Éisträich, Holland, Lëtzebuerg, Schwäiz an USA. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’Lëtzebuerger Student:inne wärend hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft ginn et nach 7 fachspezifesch Cerclen (Medezinner, Ekonomisten, Juristen, Psychologen, Archivisten/Bibliothecairen, d’Ingenieuren a Geschichtstudent:innen).

Fachspezifesch



Belsch



Däitschland



Éisträich



Frankräich



Groussbritannien



Holland



Lëtzebuerg



Schwäiz



USA



Aner