Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou’s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass?

Dann sief och du Student fir 1 Dag a géi mat op eng vun de Visitten an 25 verschidden Universitéitsstied, organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen.

Student fir 1 Dag 2024

Och dest Joer an der Ouschtervakanz wäert erëm de Student fir 1 Dag stattfannen. D’ACEL ass fläisseg amgaangen déi nächst Editioun ze plangen.

D’Umeldungen fir de Student fir 1 Dag 2024 ginn den 12. Februar 2024 op.

Hal dech um Lafenden a mir freeën eis dech beim Student fir 1 Dag kënnen ze begréissen.

Du hues scho Froen? Schreif eis! Du kanns eis iwwer FacebookInstagram oder per Mail op email hidden; JavaScript is required erreechen!

Frequently asked Questions
  • Destinatiounen

Paräis, Freiburg, Nanzeg, Bonn, Saarbrécken, Belval*, Kaiserslautern, Amsterdam, Zürech, Bréissel, Oochen, Wien**, Lausanne*, Köln, Düsseldorf, Tréier, München**, Innsbruck*, Berlin**, Léck, Maastricht, Heidelberg, Karlsruhe, Fribourg(CH)*, Stroossbuerg

All Datumer léien an der Ouschtervakanz (2.-13. Abrëll 2024), genee Datumer um Umeldungssite.

*Urees just an Eegeninitiativ; **Urees mat der Luxair

  • Umeldung

D’Umeldung ass bis 2 Deeg virun der Rees méiglech (Deadlines um Umeldungssite). Eng Umeldung ass definitiv soubal d’Rees bezuelt ass. Ass een op der Waardelescht kann een och no der Deadline nach noreckelen, wann spontan een oofsprengt.

Soulaang keng Wardelescht affichéiert gett, si nach Platzen disponibel

  • Bezuelung

D’Bezuelung ass direkt um Site via Payconic méiglech. Alternativ kann een eis de Betrag och iwwerweisen. Schreiw eis eng Mail u email hidden; JavaScript is required a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn.

  • Autorisation parentale

Mannerjähreg Schüler:innen brauchen eng Autorisation parentale, dës soll am beschte Fall vun der Gemeng ausgestallt sinn. Si soll op d’ACEL – Association des cercles d’étudiants Luxemborgeois ausgestallt ginn. Bei all Rees ass een ACEL-Comitésmember dobäi. D’Autorisation parentale ka bis virum Départ via Mail u email hidden; JavaScript is required oder perséinlech nogereecht ginn.

Bei enger Urees an Eegeninitiativ brauchs du eng autorisation parentale déi op dech selwer ausgestallt ass. Ausser en Erzéihungberechtegten begleet dech.

  • Iessen

Am Präis mat abegraff ass emmer opmanst een Iessen, bei deene meeschten Destinatiounen huet een als Participant:e och nach e Snack zegudd. Wou a waat et z’iessen gett kann een an de Programmer respektiv bei de Cerclen selwer nofroen.

  • Waat sollt een dobäi hunn?

Carte d’identité; Schülerkaart; autorisation parentale; Snacks fir d’Busrees je no Distanz