REEL

Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois

Zënter der éischter Editioun 1984 zu Karlsruhe huet sech d'REEL, d'Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois, zu engem wichtegen Event am Kalenner vun de lëtzebuerger Studenten entwéckelt. D'REEL gëtt all Joers an enger anerer Studentestad ausgedroen a vum jeeweilegen REEL's Comité organiséiert. Eng Ronn 120 ausgewielte Participanten, déi hir Studien op enger Universitéit maachen, treffen sech wärend 4 Deeg fir sech iwwer di ënnerschiddlechst Thematiken auszetauschen, déi besonnesch Si als Studente betreffen. Nieft dem politeschen Volet, kennt den kulturellen Aspekt esou wei den Austausch mat de Vertrieder vun de Partner Entreprisen net ze kuerz. Zesummen mat der ACEL, der Association des Cercles d'Etudiants Luxembourgeois, gëtt de politeschen Volet vun der REEL opgestallt. Duerch den Austausch mat Vertrieder vun der Politik wei vun der lëtzebuerger Ekonomie, ënnert der Forme vun enger Table-ronden an uschléissenden Diskussiounen, konnten an de leschte Joren ënnert anerem e gratis ëffentlechen Transport fir d'Studenten esou wéi eng Reforme vum Stage Gesetz erreecht ginn. Nieft dem politesche Volet kënnt de kulturellen Aspekt duerch verschidde Visitten esou wei den Austausch mat de Vertrieder vun de Partner Entreprisen op enger Job-Foire net ze kuerz.

REEL 2023

Déi 38t Editioun vun der REEL fënnt dëst Joer vum 21. bis de 24. September zu Innsbruck, ënnert dem Thema ‚Interoperabilitéit – Europaiwwergräifend Kompatibilitéit statt. Wärend der REEL zu Innsbruck wäerten d‘Studenten zesumme mat de politeschen an ekonomeschen Acteure probéieren an engem konstruktiven Dialog méiglech Äntwerten zu dësem Thema ze fannen. Ausserdeem kréien se d’Méiglechkeet gebueden, Kontakt mat lëtzebuergesche Firmen ze knëppen an d’Stad Innsbruck ze entdecken.

Fir méi Informatiounen iwwert d'Datumer fir d’Aschreiwungen, de genaue Programm vun der REEL 2023 an de Sujet gewuer ze ginn, abonéier eis op Facebook oder Instagram oder gehei e Bléck op eis Internetsäit.


Historique:

  • 2022 - Heidelberg & Karlsruhe
    • President: Sam Olinger
    • Thema: Bachelor-Inflatioun – Wat ass mäin Diplom nach wäert?
  • 2021 - München
    • President: Sven Bettendorf
    • Thema: Mam Studium fäerdeg, an elo? Lëtzebuerg oder d’Welt?
  • 2020 - München (ausgefall wéinst der COVID-19 Pandemie)
    • President: Max Closener
    • Thema: 35 Joer Schengen, alles perfekt? – Erausfuerderungen a Problemer fir Studenten an engem vereenegten Europa
  • 2019 - Oochen
    • Presidentin: Annick Hoffmann
    • Thema: Auswirkunge vum wirtschaftlechen a gesellschaftlechen Drock op den akademesche Werdegang
  • 2018 - Bréissel
    • President: Theo Biewer
    • Thema: Etudiant 4.0: Digitalisation du monde professionnel - Défis et opportunités
  • 2017 - Köln & Bonn
    • President: Jeff Diderrich
    • Thema: Beziehungsstatus: Es ist kompliziert! Die Beziehung zwischen Arbeitgeber und zukünftigem Arbeitnehmer
  • 2016 - Kaiserslautern
    • President: Charel Roemen
    • Thema: Die Aussichten der Akademiker nach dem Studium
  • 2015 - Tréier
    • President: Ben Greiveldinger
    • Thema: Die Hochschulreform Bologna: Ein Erfolgskonzept?
  • 2014 - München
    • Presidentin: Marie-Paule Even
    • Thema: Selbstbestimmung der Universitäten – inwiefern von der Wirtschaft beeinflusst?
  • 2013 - Stroossbuerg
    • President: Christophe Mossong
    • Thema: La Recherche européenne – un investissement dans le futur?
  • 2012 - Oochen
    • President: Eric Gonderinger
    • Thema: Technischer Fortschritt: Von der Wissenschaft getrieben, von der Gesellschaft gebremst?
  • 2011 - Bréissel
    • President: Tom Loehr
    • Thema: Esprit libre, esprit européen
  • 2010 - Zürich
    • President: Jules Petit
    • Thema: Enfin diplômé(e), seulement où aller ?
  • 2009 - Karlsruhe
    • Presidentin: Céline Reichel
    • Thema: La REEL, les acquisitions d’un esprit critique depuis 25 ans
  • 2008 - Paräis
    • Presidentin: Danièle Buchler
    • Thema: Le Luxembourg face au défi de la mondialisation
  • 2007 - München
    • President: Pit Gloden
    • Thema: Die Zukunft des Hochleistungssports in Luxemburg
  • 2006 - Stroossbuerg
    • President: Olivier Schroeder
    • Thema: Studenten a Kultur, Studentebal a Comitétheik
  • 2005 - Oochen
    • President: Guy Lux
    • Thema: Energietechnik im 21. Jahrhundert und die Verantwortung der Politik
  • 2004 - Lausanne
    • President: Bob Lamboray
    • Thema: Les défis de la Suisse et du Luxembourg face à l’Europe et la mondialisation
  • 2003 - Tréier
    • Presidentin: Michèle Nothum
    • Thema: D’Uni Lëtzebuerg, Statut vum Student zu Lëtzebuerg
  • 2002 - Bréissel
    • President: Eric Bosseler
    • Thema: Europa fir unzepaken, e Bléck hannert d’Kulisse vun Europa, d’Unerkennung vun den Diplomer beim Staat
  • 2001 - München
    • President: André Mehlen
    • Thema: Gentechnologie eine Büchse der Pandora? Uni Luxemburg, doch nur eine Vision?
  • 2000 - Zürich
    • President: Christian Cortina
    • Thema: Die Zukunft - Gewinn oder Verlust der individuellen Freiheit, Ökonomie und Finanzen, Kommunikation, Gentechnologie
  • 1999 - Karlsruhe
    • Presidentin: Martine Schummer
    • Thema: Études du 2ème an 3ème cycle, Fin d’études ouni Aarbecht, d’Aide financière
  • 1998 - Wien
    • President: Misch Pfeiffer
    • Thema: Universität der Zukunft, Fuerschung, europäesch Bildungssystemer, Virstellungsgespréicher, Studiengebühren vs. Numerus Clausus, Fernstudium
  • 1997 - Köln & Oochen
    • Presidenten: Claudine Muller & Michel Arsone
    • Thema: D’Zukunft vun der Industrie an dem Finanzmarché zu Lëtzebuerg, d’Wëssenschaft am Zäitalter vum Multimedia an d’Benotzung vun neien Energiequellen
  • 1996 - Manchester
    • President: Georges Hilbert
    • Thema: Commercial and legal aspects of the Internet, Britain and Luxembourg in the European Union, d’Orientatioun am 2. an am 3. Unizyklus, Collaboration ACEL-UNEL
  • 1995 - Montpellier & Aix-en-Provence
    • Presidentin: Manon Gantenbein
    • Thema: Le statut de l’artiste / centre d’art contemporain «PEI», Nuklearenergie, d’Situatioun vum Student no den Studien, Homosexualitéit, Ofdreiwung, AIDS
  • 1994 - Lëtzebuerg
    • President:
    • Thema: Europa an d’Europaparlament, Mënschenrechter, Entreprisë mam Recrutement vum Personal, Bourse 3ème cycle, Wunnraum fir Studenten, d’Reform vum Stage pédagogique
  • 1993 - Stroossbuerg
    • President: Maurice Bauer
    • Thema: Standuert Lëtzebuerg a séng Zukunft
  • 1992 - Innsbruck
    • Presidentin: Laurence Feider
    • Thema: Die Integration Österreichs, der Länder Zentral- und Osteuropas in die EG
  • 1991 - Montpellier
    • President:
    • Thema: D’Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995
  • 1990 - Kaiserslautern
    • President: Serge Dentzer
    • Thema: Ëmweltproblematik, d’Medienentwécklung zu Lëtzebuerg an den Erasmusprogramm
  • 1989 - Zürich
    • President: Michel Reckinger
    • Thema: Unerkennung vun den Unisdiplomer, Immatrikulatiounsproblemer vu lëtzebuergeschen Autoen am Ausland, Studentenwunnengen an hir Bezuelung, Organisatiounsproblemer vun der Foire de l’étudiant, d’Aide financière
  • 1988 - Louvain-la-Neuve
    • President: Henri Kihn
    • Thema: Le chômage intellectuel et les possibilités de recyclage, Le 3e cycle d’études, Les relations entre Harvard et Luxembourg, Les relations entre l’ACEL et les cercles, Les aides financières accordées aux étudiants, Que peut offrir une banque?
  • 1987 - Paräis
    • Presidentin: Annick Everling
    • Thema: Reforme am Secondaire, Subsidë fir Studenten an de Guide du Futur Etudiant
  • 1986 - Innsbruck
    • President: Jemp Heintz
    • Thema: Fräizügegkeet an Europa fir Studenten, Mobilitéit, Subsiden, Studien, Orientatioun, Führerschäin (Gültegkeet am Ausland), Wunnengen op verschiddenen Unien, Studentevertriedung
  • 1984 - Karlsruhe
    • President: Romain Agostini
    • Thema: Autorisation de séjour, Permis de séjour, Subsides de l’État, Coopération des étudiants avec les instances publiques, les organismes professionnels et le marché de l’emploi, Relations entre les cercles d’étudiants

LU08 0019 2255 0418 1000 BCEELULL


Contact: