de Studentevertrieder

ALUS, Studenten zu Stroossbuerg

ALUS ass d’Ofkierzung fir “Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg”. Och wann de Studentencercle schonn eng Geschicht vun iwwer 40 Joer huet, sou besteet säi Status vun der A.s.b.l. awer eréischt säit 1990.

D’ALUS huet sech schonn ëmmer als Ziel gesat de neie Studentinnen a Studenten ze hëllefe fir sech méi einfach an hirer neier Heemecht erëm ze fannen an sech besser ze integréieren. Dofir bitt d’ALUS dir och vill verschidden Aktivitéite während dem Joer un a probéiert während deem, dass du séier aner Lëtzebuerger an/oder Fransouse kenneléiers.

Ausserdeem informéiert D’ALUS seng Membere regelméisseg iwwer Aktivitéiten, Baler an Events, déi zu Stroossbuerg mee och ausserhalb mat eventuell anere Studentecercele stattfannen.

Hal och du dech um Courant iwwert déi neisten Aktivitéiten andeems de onse Site www.alus.lu besichs oder eist Maskottchen, de Storchi, um Facebook adds!

Du sichs eng Wunneng zu Stroossbuerg oder deng Wunneng gëtt fräi? Du brauchs nei Miwwelen oder du wëlls deng Miwwele lass ginn? Dann gei bis op eis immobilier groupe.

Du wëlls net mam Zuch op Stroossbuerg/Lëtzebuerg fueren a sichs eng Matfuergeleegenheet oder du hues nach Plaz fir aner Leit matzehuelen? Dann mell dech op eis Matfuergelegenheeten groupe.

Du spills gär Volley-, Basket- oder Fussball? Oder vläicht gees du gär mat engem zesumme lafen? Schreif et an eis Sports-Grupp an fann nach aner Leit déi motivéiert sinn matzemaachen.

Ausserdeem hunn mir och eng offiziell Fanpage um Facebook

Veranstaltungen

Comité

ALUS kontaktéieren

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.