LSI

Lëtzebuerger Studenten Innsbruck

Wei den Numm et schon seet, bestinn mir gréissten Deels aus Lëtzebuerger Studenten zu Innbruck. Politesch neutral an oppen fir jiddereen, gesinn mir eist Ziel doranner zesummen den Studentenalldag e bëssen op ze lockeren, an bei alldeeglech Problemer an Froen weider ze hëllefen. Vun deenen 300-400 Lëtzebuerger Studenten zu IBK freeën mir eis doriwwer eng ronn 150 dovun aus allen Studienrichtungen an Institutiounen bei eis begréissen ze dierfen. Zu eisen Aktivitéiten geheieren ënnert anerem eisen traditionellen Wëllkomm Owend, d'Daf, Participatioun um Tournoi de Noel oder eisen Stand um groussen Studentebal vun der ACEL. Nieft lëschtegen Owender am Innbrucker Nuetsliewen, gesinn mir eis och beim Ski fueren, Bowling, Billard, Paintball & co. Weider Infoe zu eisen Aktivitéiten fënns du hei! Du hues nach Froen? Dann zeck net, an mell dech bei eis! Däin LSI Comité

LU30 0019 4655 5274 5000 BCEELULL


Contact: