LSWü

Lëtzebuerger Studenten zu Würzburg

D'Lëtzebuerger Studenten zu Würzburg – LSWü gouf gegrënnt den 29.11.2017 an der Joe’s Bar (déi et leider net mei gëtt) matt dem But, d’lëtzbuerger Studenten ze regruppéiren an Schüler iwwer eis Stad ze informéiren. Säit der Grënnung hu mer all 2 Wochen e Stammdësch an verschiddenen Baren ëmmer Dënsdes Owes. Zudem si mer engagéiert an der ACEL fir op Intercerclen a bei aaneren Manifestatiounen mattzemaachen. Mir hun déi renomméiert Julius-Maximilians-Universität (JMU) an d'Fachhochschule Würzburg-Schweinfurt (FHWS). Zesummen hun déi 2 Ariichtungen ronn 38.000 Studenten. Haut faasst d’JMU insgesamt 10 Fakultéiten, 55 Instituter, 237 Léierstill, 24 Kliniken an 250 Studiëgäng. D'FHWS huet séngersäits 10 Fakultéiten an iwwer 40 Bachelor- an Masterstdiengäng. All Studiegäng vun der JMU fann der hei: https://www.uni-wuerzburg.de/studium/angebot/ . Insgesamt 14 Nobelpräisdréier huet d’Uni Würzburg bis haut ervirbruecht, dorënner z.B. de Wilhelm Conrad Röntgen, deen déi no him benannte Röntgenstralen zu Würzburg entdeckt huet. Bei weideren Froen schreiwt eis op:

LU560019515584146000 BCEELULL


Contact: