Foire’s Iessen 2021

Traditionell invitéiert d’ACEL dëst Joer nees all d’Studenten, déi un der Präsenzfoire den 30.10 mat hierem Cercle deelhuelen, op hiert Foire’s Iessen. Dëst fënnt owes no der Foire am Indie’s Café statt. Dir musst iech dofir bis spéitstens den 27.10 um 18.00 ënnert dësem Formulaire umellen.

Dir hutt de Choix tëschent 3 verschiddene Menuer. Zousätzlech kritt dir eng Amuse-Bouche, esou wéi 2 Softdrinks offréiert. D’ACEL stellt fir den Owend och e Faass Béier. Dat ganzt kascht iech 15€ déi dir bei der Umeldung mat ärer Visa Kart bezuele musst. (Sollten et hei Schwieregkeete ginn, schreift wegl e Mail op email hidden; JavaScript is required). Wann dir iech nom 27.10 ofmellt kënne mir iech äre Sue leider net erëm ginn.

D’Plaze si limitéiert, also maacht iech bäi!

Wichteg Infos
Umeldung bis den 27. Oktober um 18.00 iwwert dëse Formular
30. Oktober um 19.00 (no der Foire um Belval)
Indie’s Café
6 Boulevard F-D Roosevelt
L-2450 Luxembourg
15€ op de Kapp (bei der Umeldung ze bezuelen)