Foire’s Iessen 2022

Traditionell invitéiert d’ACEL dëst Joer nees all d’Student:innen, déi un der Studentefoire de 27.10 mat hirem Cercle deelhuelen, op hiert d’Foire’s Iessen. Dëst fënnt owes no der Foire am Coyote Café um Belval statt. Dir musst iech dofir bis spéitstens de 24.10 bis 23h59 ënnert dësem Formulaire umellen.

Dir hutt de Choix tëschent 5 verschiddene Menüen. Zousätzlech kritt dir vun der ACEL 2 Gedrénks (Softdrink oder Béier) offréiert. Dat ganzt kascht iech 15€ déi dir bei der Umeldung direkt per Payconiq bezuele musst. Am Fall wou hei Problemer géifen optauchen, da schreift eis w.e.g. eng Mail op email hidden; JavaScript is required. Wann dir iech nom 24.10 ofmellt kënne mir iech är Sue leider net méi erëm ginn.

D’Plazen si limitéiert, dofir maacht iech bäi!

Wichteg Informatiounen
Umeldung bis den 24. Oktober um 23:59 iwwert dëse Formulaire
27. Oktober um 19.00 (no der Foire um Belval)
Coyote Cafe
10-12 Av. du Swing
L-4367 Esch-sur-Alzette
15€ op de Kapp (bei der Umeldung ze bezuelen)
Du kann s direkt nom Ofsenden vum Formulaire per Payconiq bezuelen