Lidderbuch

C01 - R.E.E.L. (Oochen)

Am Béier, jo do ass vill Gespréich
An den Niveau, deen ass ëmmer ganz héich
Well sou hu mir eis zu spéiderer Stonn entscheed
D'REEL hei ze maachen
Iddiën dat bei eis jiddweree
Mee d'Couillen, hat dunn nëmme just een
Hien ass Prési vum REEL's Comité
Eise Guy deen ale Knaschtsak
Zicke Zacke Zicke Zacke weis däi Sak!

R.E.E.L., mir sinn zu Oochen op der R.E.E.L.
4 Deeg si mir hei
ze nerven d'däitsch Polizei
An z'ameséiren bis näischt méi geet
Mir sinn zu Oochen op der
R.E.E.L., mir sinn zu Oochen op der R.E.E.L.
Ganz groussen Tennis ass dat
Dovu gëtt laang nach geschwat
Jo dat lo dat ass einfach eemoleg

Oochen ass bekannt fir seng Schoul
Ingenieuren ginn so spatz wéi en Nol
An eise Cercle dat ass den AVL
Den eis hëlleft z'iwwerliewen
Studéieren, probéiert hei jiddwereen
Heiansdo een drénken, nee do zitt sech bal keen
An och feieren, jo do si mir déck do
Duerfir loosst eis Party maachen
Zicke Zacke Zicke Zacke A.V.L!

R.E.E.L., mir sinn zu Oochen op der R.E.E.L.
4 Deeg si mir hei
ze nerven d'däitsch Polizei
An z'ameséiren bis näischt méi geet
Mir sinn zu Oochen op der
R.E.E.L., mir sinn zu Oochen op der R.E.E.L.
Ganz groussen Tennis ass dat
Dovu gëtt laang nach geschwat
Jo dat lo dat ass einfach eemoleg

D'REEL ass lo knapps réischt am Gang
Mee dir sidd schonn alleguer Feier a Flam
Fir ze lauschteren den Ensemble Vocal
Vun den Oochener Sängerknaben
Sangen, dat kënnen se sûrement bien
Op den Concerten, do danzt ëmmer de Bär
Souguer eng CD hunn si dës lescht opgeholl
Duerfir sangt dem Männerchouer
Zicke Zacke Zicke Zacke eng CD

R.E.E.L., mir sinn zu Oochen op der R.E.E.L.
4 Deeg si mir hei
ze nerven d'däitsch Polizei
An z'ameséiren bis näischt méi geet
Mir sinn zu Oochen op der
R.E.E.L., mir sinn zu Oochen op der R.E.E.L.
Ganz groussen Tennis ass dat
Dovu gëtt laang nach geschwat
Jo dat lo dat ass einfach eemoleg


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.