Skip to main content

Freelance Event Team

Site Eldo

Du bass gären a vill ënnerwee? Du bass gären ënner Leit an ëmmer op de Party Hotspots mat dobäi?

Dann gëff och du Deel vum Eldo Event Team.

 

Wat sinn deng Missiounen?

  • Montage an Demontage (vun Zelter bis hin zu Spiller)
  • De Leit erkläre wat ee beim Spill oder bei der Aktioun maache muss
  • Wann Froe sinn, si mir do fir de Leit weider ze hëllefen

Fir déi, déi éischter wëllen an eng komplett aner Roll tauchen, fir déi gëtt et eist bekannte Maskottchen den Chiko:

  • Hei siche mir Leit déi sech gäre verkleeden an sou eng aner Roll kënne spillen
  • Et muss ee gären op Leit duer goen, mat hinne Fotoe maachen
  • Et soll en Eldo natierlech op eng cool Aart a Weis representéieren
  • Punkto Gréisst muss ee plus minus 1,70m grouss sinn

Wisou grad den Eldo?

  • Ofwiesslungsräich Aufgaben
  • E permanent Encadrement
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp

Du bass interesséiert? 

Ma da schéck eis eng Mail op photos@eldoradio.lu mat engem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du de Richtege fir bei eis an d’Team bass.

To apply for this job please visit www.eldo.lu.