
Site Eldo
Du kenns dech an engem ganz bestëmmte Beräich gutt aus a schreifs gären doriwwer?
Dann gëff och du Deel vun eiser Online Redaktioun.
Wat sinn deng Missiounen?
- Online-Artikelen iwwert Themen a Beräicher schreiwen, déi dech am meeschten interesséieren (wéi Fashion, Food, asw.) an déi virun allem de jonke Public uschwätzen
- Iddie sichen an d’Aen ophale fir nei Themen
Wat bréngs du mat?
- Passionéiert um Schreiwe sinn an och gutt, kloer, präzis a richteg kënne schreiwen
- Gutt Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch (am geschriwwenen)
- Aner Sprooche wéi Däitsch, Franséisch an Englesch sinn natierlech och e Plus
- Du brauchs kee spezifesche Studium
- Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
Wisou grad den Eldo?
- Mir ginn dir eng Plattform fir deng Passioun an Interessi mat Lëtzebuerg ze deelen
- Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp
Du bass interesséiert ?
Ma da schéck eis eng Mail op jobs@eldoradio.lu mat dengem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du déi richteg Persoun fir d’Online-Redaktioun bass.
To apply for this job please visit www.eldo.lu.