Den 21. August waren d’Leny an de Philippe am ACEL Studentecorner op Besuch. Dobäi huet et sech ëm eng speziell Sendung gehandelt, well hei huet sech alles ëm d’REEL zu Oochen gedréint. Esou huet d’Anne mat hinnen iwwert d’REEL am Allgemenge geschwat. De Programm gouf am Detail gekuckt an och iwwert d’Journée Politique gouf diskutéiert. D’Diana vun der ACEL huet och nach erkläert, wat d’Aufgabe vun der ACEL bei enger REEL sinn.

P.S.: Oochen huet och eng ganz magesch Zuel – nämlech d’Siwen!