Den 28. August waren d’Hannah vun der ALUS an de Seid vum LSH am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d’Anne sech d’Stied Stroossbuerg an Heidelberg als Studentestied méi genee ugekuckt. Wou kann een hei gutt iesse goen a richteg Party maachen? Wéi ass d’Wunnengssituatioun? Wéi eng Oplage ginn et op de jeeweilegen Unien an Héichschoulen? Alles dat a nach vill méi an dëser Editioun vum Studentecorner am August.

P.S.: zu Stroossbuerg gëtt engem Member vun der ALUS sécherlech net langweileg, well hei stinn zwee Eventer pro Woch un!