Tournoi de Noël 2021

D’Chrëschtdeeg sti virun der Dier a soumat ass den Tournoi de Noël och net méi all ze wäit fort. Den Tournoi wäert dëst Joer awer aneschtes oflafe wéi soss bekannt.
No ville Gespréicher mat der LASEL an dem Héichschoulministère, war de Kompromëss den Tournoi op de sportlechen Deel ze reduzéieren. Dës bedeit, dass d’Matcher wéi gewinn stattfannen, just ouni Spectateuren. Et däerfe weder Spectateuren an den Hale sinn nach an de Gebaier, wat dann och d’Entrée vun der Piscine betrëfft. Dat gemittlech beienee sinn a puer Béiercher drénken an niewe bei seng Ekipp ufeieren ass dëst Joer net méiglech.
Allerdéngs well d’ACEL déi trei Supporteren an d’Alkoholssportler net am Stach loossen an hunn do fläisseg no Alternative gesicht an hunn och eng fonnt. Mir verleeën déi ganz Piscine-Atmosphär op de Belval an ee grousse Sall a loossen all Match vu Geesseknäppchen do iwwerdroen. Esou kann ee mat senge Kolleegen an engem Gedrénks an der Hand seng Liblingssportler verfollegen. De Prix de Consommatioun bei sech heem ze huelen, steet soumat och näischt méi am Wee.
D’Sportler, déi de ganzen Dag um Geesseknäppchen fläisseg säi Cercle verdeedegt hunn, sinn dono natierlech häerzlech invitéiert sech bei hier Supporteren ze gesellen an do gutt mat hinnen och hiren Erfolleg oder vläicht Nidderlag ze feieren.
Mir wollten da mol bei iech nofroen, éier mir mat der Organisatioun duerchstarten, wéi dir dat Konzept vum Public Viewing fannt an ob dir wärend dem Tournoi op de Belval komme géift fir trotzdem zesummen mat all den aneren Cerclen Stemmung ze maachen? Feedback an de Kommentaren ass gäre wëllkomm.
Mir hunn och eng kleng Ëmfro erstallt fir erauszefanne wéi d’Resonanz fir dat Konzept bei iech ass, dofir huelt weg iech 15 Sekonnen Zäit a fëllt déi 2 Froen aus: acel.lu/tdn2021
Wichteg ass hei ze soen, dass een domat zu näischt verflicht ass! Mir wieren awer frou wann ALL är Memberen déi Intressi hätten dëst ausfëlle géingen! Falls net genuch Leit sech heifir motivéiert weise wäert de Public Viewing net kënne stattfannen a soumat just de sportlechen Deel ouni Supporter um Geeseknäppchen stattfannen.
Mir wëssen, dass dat Konzept net den richtegen Tournoi ersetzt a genau déi selwecht Atmosphär eriwwer bréngt, wéi um Rand vum Terrain ze stoen an ze gröllen, mee mir mussen dat bescht aus der Situatioun maachen!