Kinosowend vun der ACEL

Den 10. Abrëll 2021 zu Beetebuerg

Infoen zum Kinosowend

Dëst Joer ass ëmmer nach net wéi gewinnt, fir dass mir eis trotzdeem ënnert de Studente bëssen austausche kennen, organiséiert d’Acel dëst Joer hier éischt Versioun vum Kinosowend.

Dëse fënnt den 10. Abrëll 2021 zu Beetebuerg am Kino “Le Paris” statt, wou mir ee Sall fir eis reservéiert hunn. Well dëse Sall mat de geltende Mesurë just 60 Platzen huet, biede mer iech, sech am Viraus unzemellen.

D’Umeldung ass ab elo op. Deen éischten ass vir. Den Entréespräis wäert sech op 6 € belafen. Sollten déi aktuell Mesuren sech net nach oplackeren, gelt wärend der ganzer Virstellung am Kino Maskepflicht, an an deem Fall kenne mer leider och keen iessen oder Gedrénks ubidden.

Denk drun dech unzemellen! Dat kanns du iwwert de Formular um Enn vun der Säit maachen.

Mir hoffen dass mir trotz den geltenden Mesuren ee flotten Owend kennen verbréngen.

Iwwerbléck
Wéini? Den 10. Abrëll 2021 um 19.00 Auer
Wou? Zu Beetebuerg am Kino Le Paris, hei hu mir ee Sall just fir eis reservéiert
Wéie Film? Superjhemp retörns
Wéivill kascht et? 6€ pro Persoun
Wien? All Memberen vun de Cerclen vun der ACEL

Umeldung

Fir dech fir de Kinosowend vun der ACEL unzemelle muss du de folgende Formular ausfëllen. D’Umeldung ass bis den 9. Abrëll um 23:59 Auer op.
Opgepasst: Deng Umeldung ass eréischt definitiv wann s du och bezuelt hues!
Du hues ëmmer nach Froen? Schreif eis! Du kanns eis iwwer FacebookInstagram a per Mail op email hidden; JavaScript is required erreechen!