Réckbléck Virtuelle Student fir 1 Dag 2021

D’ACEL huet dëst Joer an der Fuesvakanz ee virtuelle Student fir 1 Dag organiséiert fir de Schüler d’Chance ze gi Studentestied, déi méi wäit vu Lëtzebuerg fort leien, kennen ze léieren.

 

Esou haten d’Schüler vum 19. Februar 2021 bis den 21. Februar 2021 d’Méiglechkeet un 5 verschiddene Videokonferenze vun deene verschiddene Studentecerclen deelzehuelen. Um Programm stounge folgend Destinatiounen: Aberdeen, Groussbritannien, Lausanne, Oxford (Ohio, USA) a Rotterdam.

Hei haten d’Schüler d’Méiglechkeet d’Lëtzebuerger Studenten aus deene jeeweilege Stied esou wéi déi verschidde Studiegäng déi op de verschiddenen Universitéiten ugebuede ginn, virgestallt ze kréien. Donieft konnten si och hier Froen un d’Studente stellen an esou Informatiounen iwwer d’Studenteliewen aus éischter Hand kréien.

Mir si frou dass iwwert dëse Wee 46 Schüler iwwert hier zukünfteg Studentestad informéiert gi sinn. Mir si frou dass de virtuelle Student fir 1 Dag sou ee Succès hat a soen de Schüler Merci fir hiert Deelhuelen! Mir soen och dem LSA, SLSB, AELL, LUAM an LSNL ee grousse Merci fir den informativen Austausch.

Fir déi Schüler, déi net konnte bei der Videokonferenz vun hirer zukünfteger Studentestad deelhuelen, kenne ganz vill Informatiounen iwwert de Studentencercle ewéi och iwwert d’Studien an d’Studenteliewen an eisem Guide du Futur Étudiant fannen. Dës Publikatioun ass ënnert folgendem Link op eiser Internetsäit ze fannen: acel.lu/gfe