Skip to main content

Léif aktuell a fréier Student:innen, léif Frënn a Frëndinne vun der ACEL.

Wéi Dir sécher scho matkrut feiert d‘ACEL dëst Joer hire 40. Anniversaire. Fir dat entspriechend ze celebréiere wäert dofir de 26. Oktober eng Séance Académique stattfannen. Am Uschloss dorobber wäert dann nach een Dinner mat der eng oder anerer Iwwerraschung sinn, dono kann da bis an d‘Nuecht era mat der entspriechender musikalescher Begleedung de Gebuertsdag gefeiert ginn.

Stattfanne wäert d‘Feier am European Convention Center Luxembourg um Kierchbierg. Ufänke wäert d’Séance Académique um 16:00. Am Laf vun dëser wäerten ee Réckbléck op der ACEL hir Aarbecht an hir Perceptioun an der Ëffentlechkeet gemaach ginn. Dëst sou wuel duerch kuerz Monologe wéi och duerch kleng thematesch Table Ronden.

Ofgeschloss gi wäert d‘Séance Académique vun engem Patt ier et da weider geet zu engem 3-Gäng Dinner. Hei huet een de Choix tëschent 2 Menüen, een dovunner ass vegetaresch.
Menü 1 :

  • Duo de saumon fumé, tartare de concombre pommes vertes et radis, vinaigrette citron aneth
  • Rumsteak de veau cuit en basse température, fricassée de légumes au raifort, purée grand-mère et jus corsé

Menü 2 (V) :

  • Mousse de chèvre frais au fines herbes, déclinaison de betterave bio, pesto de persil plat
  • Chou farci aux légumes de saison, semoule de céleri rave bio, jus d’épluchures

D‘Umeldung ass vun elo u Méiglech. De Präis fir d‘Participatioun läit bei 65€.
Student:innen ass de Präis souguer op 45€ reduzéiert.

Umeldung

Wann et Problemer mat der Reservéierung ginn kënnt Dir eis och einfach eng Mail u email hidden; JavaScript is required schécken.