Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Neie Projet de Loi fir Reguléierung vun de Stagen

By March 5, 2018May 29th, 2019No Comments

Reglementéierung vun de Stagë fir Schüler a Studenten a Collaboratioun vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit an der ACEL 

Et war Abrëll 2017 wou d’ACEL sech eng éischt Kéier un den Aarbechtsministère gewannt huet fir iwwert d’Problematik vun den net reguléiert Stagen zu Lëtzebuerg ze schwätzen. An dësem éischten Dialog si Kritiken um aktuelle Gesetz wei awer och Virstellunge fir en neien Text zesummen diskutéiert ginn. D’Stagen hunn awer och d’Studenten op da REEL 2017 beschäftegt, wou se sech nach eng kéier konnte mam Minister Nicolas Schmit iwwert d’Thema ausschwätzen.

Am November ass et dunn zu enger weiderer wichteger Entrevue mam Aarbechtsminister a senge Conseiller’en komm. Mir sinn elo stolz kennen ze soen dass mir voll hannert engem Projet de Loi stinn, dee mir d’Chance hate selwer no eise Virstellunge matzegestalten. Mir konnten an dëse Gespréicher all déi Problemer mat era bréngen déi mir och selwer begéint hunn op da Sich no engem Stage.

Dëse Projet leet fest dass et fir all Stage muss eng Konventioun ginn déi de Kader vum Stage festleet, also Rechter a Flichte vum Stagiaire kloer definéiert, an dem Stage en kloren Kader gëtt.

Ee weidere wichtege Punkt an dësem Gesetz ass dass tëschent engem konventionéierte Stage an engem net konventionéiertem ënnerscheet gëtt.

Ee konventionéierte Stage ass en Stage deen de Student am Kader vu senge Studie mécht. Dëse Stage ass also eng Obligatioun fir a sengem Studium weiderzekommen. Fir déi Stagen ass keng Remuneratioun virgesi well hei dat primäert Ziel ass fir en Stage ze fannen a soumat säin Unisjoer ze packen, an am Studium weiderzekommen.

Een net konventionéierte Stage ass ee Stage deen de Student fräiwëlleg mécht fir berufflech Erfarungen ze sammelen. Bei dëser Form vu Stage gëtt et eng gestaffelt Remuneratioun. Ee Stage dee manner laang dauert wei en Mount muss net bezuelt ginn. Fir en Stage deen tëschent zwee an dräi Méint ass muss 1/3 vum onqualifizéierteMindestloun bezuelt ginn, a fir en Stage deen tëschent 4 a 6 Méint dauert muss 1/2 onqualifizéierte Mindestloun bezuelt ginn. Et ass dem Employeur awer fräigestallt dem Stagiär eng méi héich Remuneratioun z’offréieren.

Fir eng „Generatioun Praktika” ze verhënneren däerf ee Student awer nëmme maximal 12 Méint Stage an enger Periode vu 24 Méint maachen, woubäi en ni méi wei 6 Méint bei dem selwechten Employeur däerf en Stage maachen.

D’ACEL weist sech ganz erfreet iwwert dësen neie Projet de Loi well mat dësem Text de Studenten erméiglecht gëtt en reglementéierte Stage zu Lëtzebuerg ze maachen an sou kënne wäertvoll Erfarunge fir d’Beruffswelt ze sammelen.

cmq-praktikagesetz-cmq-de

cmq-stages-cmq-fr-cc

avant-projet-de-loi-stages-conference-de-presse