CELM
Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Montpellier
Wee si mir?
Vive le Sud ! Esou ass d´Devise vum CELM, awer och vun all de Lëtzebuerger Student*innen, déi decidéieren, hir Unisjoren am Süde vu Frankräich ze verbréngen. Zënter 1989 empfänke mir all Joers déi nei Lëtzebuerger Student*innen zu Montpellier. Eist Ziel ass et, de Lëtzebuerger Student*innen de Süden esou no wéi méiglech ze bréngen an hinnen dat bescht méiglecht Studenteliewen ze bidden. Mir stinn och ëmmer zu Verfügung fir Froe ronderëm d´Uni oder fir Hëllef bei der Sich no engem neien Appartement.
Wat maachen mir?
-
TOUR DES APPARTS - 4 Appartementer, 4 verschidden Drinks an 1 onvergiesslechen Owend.
Vu Wunneng zu Wunneng geet d´Stëmmung an d´Luucht. Dëst legendäert Event ass ee vun de beléiftste vum Joer an ass e Must fir all Member. -
TOUR DES BARS - Mir zéien zesummen duerch déi coolst Baren am Zentrum vu Montpellier. Mat spezielle Studenten-Tariffer, gratis Drinks a vill Spaass gëtt dësen Tour zu engem richtegen Highlight vum Unisjoer.
-
BEERPONG TOURNOI - 12 Equipen, 1 Zil : déi Bescht ginn ! An enger knackeger Turnéier-Atmosphär kämpfe mir em den Titel vum Beerpong-Champion. Vill Publikum, Präisser an eng Top Stëmmung garantéiert.
-
STAMMDËSCH - Eise wéchentlechen Treffpunkt fir all déi, déi Loscht op e flotten Owend hunn.Mir drénken, schwätzen a laachen zesummen. A wann d'Stëmmung gutt ass, wat meeschtens de Fall ass, geet den Owend heiansdo och nach e bësse méi laang.
Verfolleg eis an de soziale Medien


