LSC

Lëtzebuerger Studenteclub Cölln

Wee si mir?

Seit Dezember 1992 verbënnt den lëtzebuerger Studenteclub zu Köln alleguerten d’Lëtzebuerger, déi zu Köln op der Uni oder op den verschiddenen Héichschoulen studéiren. Seit mëttlerweil méi wéi 20 Joer, treffen mir eis all Dënsden an verschiddenen Kneipen an Bars fir do flott Owender madeneen ze verbréngen. Bei engem gudden Kölsch fannen d’“Erstis“ séier Uschloss an léiren d’Stad Köln, nieft der Uni, an all hieren Facetten kennen. Mir probéiren Iech sou gudd et geet, eng kleng Oofwiesslung zum Studentenalldag ze bidden an bei alldeeglechen Froen ze ennerstëtzen an weiderzehëllefen.

Wat maachen mir?

  • Am Ufank vum Wantersemester, veranstalt den LSC een Welcome Owend fir d’Neuankömmlinge. Hei hunn eis Ersti’en d Méiglegkeet den LSC an hier Memberen kennen ze léieren. An dëser Woch, wei och am Ufank vum Summersemester, organiséiert den LSC een traditionellen Fräibéier.
  • All Dënsden treffen mir eis an verschiddenen Kneipen an Bars oder ënnerhuelen verschidden Aktivitéiten, wei z.B. Bowling spillen, Jump House, Beerpongtournoi, an villes méi!
  • Am Summer treffen mer eis gäeren um „Aachener Weiher“, den bei den kölner Studenten allgemeng ganz beléift ass. Mir grillen dann do zesummen, spillen zesummen Volleyball oder genéissen einfach dat gutt Wieder mat engem leckeren Béierchen.
  • Natierlech dierf bei eis Kölner den "Karneval" net fehlen, dofir feieren mir déi besonneg Deeg all zesummen.
  • Een weidert traditionellt Event ass eis alljäerlech "Assemblée Générale", wou den neien Comité gewielt gëtt an dono zesummen anstänneg gefeiert gëtt.

LU41 0030 2126 7383 0000 BGLLLULL


Contact: