LSZ

Lëtzebuerger Studenten zu Zürich

Mir sinn de Studentencercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir ziele ronn 130 Memberen déi haaptsächlech op der ETH Zürech, awer och der Universitéit Zürech studéieren. Mir organiséieren iwwert d’Joer eng ganz Rei Aktivitéiten, domat eis Memberen nieft dem Schwiizerdütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Mee wat bitt eise Club?

Aktivitéiten

Sport

Um sportlechen Niveau hunn mir eng Fussballequipe, déi all Joer un den Zürcher Hochschulmeisterschaften deelhëlt; mir lafen all Joer bei der SOLA mat, engem Staffellaf vu méi wéi 110 km opgedeelt op 14 Leefer; mir huele reegelméisseg un der Volleynight zu Zürech deel; all Joer fënnt an enger Schwäizer Studentestad de Swisscup statt, wou déi Lëtzebuerger Studentencerclen aus der Schwäiz sech a verschiddene Sportaarte moossen.

Fester

Wéi et sech fir en Studenteveräin gehéiert, organiséiert de LSZ och eng ganz Rei Fester. Am Mee fënnt eis traditionell Soirée Patriotique Luxembourgeoise statt, wat en Bal an en Iessen zu Zürech ass. Fir Nationalfeierdag gëtt et eng Receptioun beim Ambassadeur zu Bern. Am Fréijoer an am Summer organiséiere mir eng Grillparty an am Wanter invitéiere mir de Kleesche fir een Owend op Zürech. E puer mol am Semester fënnt en Stammdësch statt, wou ee mat anere LSZler gemittlech en Patt drénke kann. Dozou kënnt nach de Clear The Bottles, eng Party déi mir säit e puer Joer organiséieren an déi säit 2018 als Intercercle organiséiert gëtt.

Reesen

Fir awer net ëmmer nëmmen zu Zürech hänken ze bleiwen, organiséiere mir och e puer Reese fir eis Memberen. Dozou gehéieren en Skiweekend am Wanter, eng Clubrees am Fréijoer an en Wanderweekend am Hierscht.

Zürcher Bal

Eise Cercle organiséiert de gréisste Studentebal zu Lëtzebuerg, de sougenannten Zürcher Bal. Säit 1960 fënnt de Bal traditionell de 25. Dezember statt, en Datum wou all d’Kollege vun aneren Unien Vakanz hunn. D’Organisatioun vum Bal gëtt komplett vun eisem Comité gemaacht an eis Memberen hëllefe souwuel owes um Bal selwer hannert de Bare wéi och beim Op- an Ofriichten.

Nei Studenten

Domat déi nei Studenten - och Bleue genannt - séier zu Zürech Fouss faasse kënnen, organiséiere mir eng ganz Rei Aktivitéiten am Hierschtsemester. An der éischter Semesterwoch fënnt de First Contact statt, wou déi nei Studenten an enger roueger Atmosphär mat de LSZler schwätze kënnen. Op der Stee kritt all Bleu eng Giedel oder en Pätter, déi hire Bleu am Laf vum Semester eng Kéier bei sech invitéiere fir z’Iessen. Um Tour en Ville léieren déi nei Studenten d’Staat Zürech kennen, dat a Kombinatioun mat enger Rei vu Spiller. Wéi bei anere Studentencerclen gëtt et och eng Daf, wou d’Bleuen offiziell an de Cercle opgeholl ginn (looss dech iwwerraschen, et ass net esou schlëmm wéi ëmmer gesot gëtt!).

Zukünfteg Studenten a weider Informatiounen

Eng vun eise Missiounen ass et, Schüler iwwert d’Studiëméiglechkeeten an d’Liewen zu Zürech ze informéieren. Méi Informatiounen dozou fënns du an eiser Broschür an op eiser Websäit. Eng perfekt Geleeënheet fir mat eis ze schwätzen ass d’Foire de l’Etudiant, wou mir all Joer zesumme mat der Studienberoderin vun der ETH en Stand hunn. Falls du interesséiert bass Zürech ze besichen, kanns du dëst entweder um Student fir 1 Dag maachen, oder du schreifs dem Comité eng Email an dann organiséiere mir dir eng Visitt vum Campus. Fir all weider Froe kanns du eis natierlech och eng Email schreiwen op .

LU34 0019 2955 4503 3000 BCEELULL


Contact: