- 12 Stied goufen iwwer Busreesen erreecht,
- 2 Stied mam Fliger,
- 6 Stied op Eegeninitiativ
Insgesamt hunn eng Ronn 305 Participanten an engem Zäitraum vun 10 Deeg un deenen 19 Reesen deelgeholl an dobäi 6 verschidde Länner bereest.Den Dag huet fir déi meescht Gruppe mat enger kuerzer Presentatioun vum jeeweilege Studentencercelen ugefaangen, deen och d’Encadrement sur Place iwwerholl huet.Weider um Programm stounge Visitte vun den Universitéiten an Héichschoulen, guidéiert Touren duerch d’Stied a Fräizäit mat oft engem ofschléissende Patt am jeeweilege Stammcafé vum Cercle.Och dëst Joer huet de fachspezifesche Student fir 1 Dag, bei dem d’Schüler:innen um Belval en Abléck an di verschidde Fächer, wou si studéiere kenne, kréien, den 28. Mäerz 2026 stattfonnt. Eng Woch virdrun hunn d’Psychologie Student:innen op hiren Informatiounsowend agelueden a konnten de Participanten hir verschidden Themeberäicher erklären an op Froen äntferen.Hei hunn eis fachspezifesch Cerclen also erëm flotte Programmer opgestallt, fir de Schüler:innen di verschidde Studiefächer – mat Erfolleg- mei no ze bréngen. Wien heivun méi wëll wëssen, soll op kee Fall déi zweet Editioun vum fachspezifeschen Student fir 1 Dag den 28. November verpassen.
Wärend dem ganzen Dag hunn d‘Membere vun de Cerclen, d’Membere vun de fachspezifesche Cerclen an d’Equipe vun der ACEL probéiert, de Schüler:innen e realistesch Abléck an de Studenteliewen ze ginn an hinne bei Froen zur Säit ze stoen.