D’Gesetz vun de Studiebäihëllefe gouf geännert an der aktueller Situatioun ugepasst. Dës Ännerunge wäerten ab dem…
acelJuly 30, 2020
Nieft dem Regruppement an der Informatioun vertrëtt d’ACEL d’Student:inne virun den Autoritéiten a verdeedegt hir Rechter. An dësem Kontext steet d’ACEL a reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren, ënner anerem dem Ministère fir Héichschoulbildung a Fuerschung, wéi och dem Aarbechtsministère.
D’ACEL ass awer net nëmmen national aktiv, mee hëlleft och de Student:innen am Ausland bei Problemer mat den Autoritéiten.
D’ACEL ass ideologesch a parteipolitesch neutral, dat heescht, dass si keng bestëmmt parteipolitesch Meenung vertrëtt. Dat ass extrem wichteg, well d’ACEL dem Usproch, all d’Student:innen ze representéieren, wëll gerecht ginn.