Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Taxe d’habitation

By October 27, 2017June 19th, 2022No Comments

Du studéiers a Frankräich? Da hues du bis elo ëmmer Enn November d’Taxe d’habitation geschéckt kritt.

Leschten Update 1. Juni 2022

Wann s du a Frankräich wunns, hues du bis elo ëmmer Enn November déi sougenannten Taxe d’habitation ze bezuele kritt. Du muss awer fir den 1. Januar schonn an denger Wunneng gewunnt hunn, fir dann am November d’Tax gefrot ze ginn.

Beispill:
Du kanns nëmmen eng Tax am November 2022 ze bezuele kréien, wann s du am Januar 2022 och an der Wunneng gewunnt hues. Wann s du awer elo am Abrëll 2022 an eng aner Wunneng plënners, kanns de awer nach ëmmer fir deng al Wunneng, an där s de am Januar 2022 gewunnt hues, eng Tax gefrot ginn.

Neit Gesetz:
En neit Gesetz reegelt d’Taxe d’habitation nei a gesäit vir, dass du ab dem Joer 2023 keng Tax méi op dengem Haaptwunnsëtz méi bezuele muss. Dëst wëll heeschen, dass am Fall wou s du keng Wunneng den 1. Januar 2022 has, du och keng Taxe d’habitation am November 2022 bezuele muss. Falls du also am Laf vum Joer 2022 an eng Wunneng a Frankräich plënners, wäerts du net méi mat der Taxe d’habitation konfrontéiert ginn.
Fir déi Student:innen, déi scho méi laang a Frankräich studéieren, gëtt Taxe d’habitation folgendermoosse gereegelt:

  • 80% vun de Stéit sinn 2020 vun der Taxe d’habitation befreit ginn, nodeems si schonn eng Reduktioun vun der Tax vun 30% am Joer 2018 an 65% am Joer 2019 kritt hunn.
  • Déi restlech 20% vun de Stéit, déi weiderhin Taxe d’habitation misste bezuelen, hunn 2021 eng Reduktioun vun 30% an 2022 vu 65% kritt.

Bemierkung:
Falls du weiderhi mat der Taxe d’habitation konfrontéiert gëss, kanns du dech gäre bäi eis mellen. Falls bäi dir déi Reduktioun vun der Taxe d’habitation geklappt huet, kanns du eis dat och gäre matdeelen.