Skip to main content

E Studium ass net den eenzege Wee, fir deng zukünfteg Karriär ze boosten! No der 1ière kanns du nämlech net nëmmen op d’Uni goen, mee och zum Beispill de Meeschterbréif (Brevet de Maîtrise) a 6 verschiddene Secteuren an 28 verschiddene Beruffer ufänken – vum Maschinnebaumechaniker, Optiker, Fahrlehrer bis zum Schräiner oder Schwammmeeschter ass esou gutt wéi alles vertrueden!

Mee wat bedeit dat iwwerhaapt, e „Meeschter” ze sinn? De Meeschterbréif ass déi Formatioun, déi een als zukünftegen Entrepreneur a Féierungskraaft beschtens op d’Gestioun an d’Iwwerhuele vun engem Betrib virbereet. Et ass DÉI Ausbildung, déi déi theoretesch, praktesch a pedagogesch Kompetenze vermëttelt, déi gebraucht gi, fir e Betrib ze grënnen, ze leeden a säin Knowhow a Kënnen un déi nächst Generatioun weiderzeginn.

D’Inhalter vum Meeschterbréif ginn den Erausfuerderunge vu Muer a vum Aarbechtsmarché kontinuéierlech ugepasst, an esou mécht dech den Diplom vum „Brevet de Maîtrise“ fit fir d’Zukunft. An dësem Sënn ginn och ëmmer erëm nei Meeschterbréiwer entwéckelt, zum Besipill de „Liewensmëttelhandwierker” an de „Gebäudetechniker”. Den Accès an dës Formatiounen kritt een ënnert anerem mat enger Première, engem Bachelor oder engem Master.

Wéi gëtt een also e „Meeschter“? D’Ausbildung dauert an der Reegel 3 Joer. D’Coursë fannen am Prinzip ab September owes an de Weekend statt, also niewent denger Aarbecht. Mam Meeschterbréif kann een sech net nëmmen selbstänneg maachen, mee et huet een och d’Recht, säi Wësse weiderzeginn an néi jonk Talenter a sengem Beruff auszebilden. Mat dësem Diplom ass engem eng Aarbechtsplaz ausserdeem esou gutt wéi garantéiert: Op der ADEM fënnt een nëmme ganz seelen en agedroenen Aarbechtssichende mat dëser Qualifikatioun. Qualifizéiert Handwierker sinn ebe gesicht! 

D’Handwierk ass och oppe fir Leit, déi net den traditionelle Wee ginn, mee sech berufflech ëmorientéiere wëllen, gäre praktesch schaffen, an e reellt Resultat um Enn vun engem Aarbechtsdag am Grapp wëllen hunn. Och aner Diplomer kënnen engem d‘Dieren an d’Handwierk opmaachen! Doriwwer eraus beschäftegen d’Handwierksbetriber ënnert anerem och Comptabelen, Juristen, Ingenieuren, Zeechner a Grafiker a bidden esou etlech Méiglechkeeten, fir sech berufflech weiderzëentwéckelen. 

Et hänkt also ganz vun dir, denger Passioun an denge Kompetenzen of! Wann s du Loscht hues an engem villfältegen, innovative Secteur ze schaffen, dann huel deng Zukunft an deng Hänn! All d’Informatiounen iwwert de Meeschterbréif an all d‘Beruffer, an deenen dës Formatioun ugebuede gëtt, fënns du op https://www.handsup.lu/de/meisterbrief 

Fotoen © iStock, CdM