Skip to main content

Wousst du, dass d’Handwierk e wichtege Pilier vun enger effikasser an nohalteger Wirtschaft zu Lëtzebuerg ass. Als Haaptacteur vun der Ekonomie beschäftegt d’Handwierk qualifizéiert Persounen a performanten Entreprisen a schaaft domat stabil Aarbechtsplazen.

All Dag consomméiere mir Produiten a benotze mir Servicer, déi vun Handwierksbetriber hiergestallt oder ugebuede ginn. D’Handwierk befënnt sech matzen an der Gesellschaft an ass DE Partner, wann et ëm d’Schafe vun Iddien an Innovatiounen, Aarbechts- an Zukunftsperspektiven, Zefriddenheet a Stolz duerch d’Hierstelle vu konkrete Produite geet.

Mat ronn 8.300 Betriber a 100.000 Leit, déi an dësem Beräich schaffen, ass d’Handwierk den éischten Employeur am Land a mat iwwer 1.800 Persounen, déi eng Léier maachen, den Haaptformateur zu Lëtzebuerg. D’Handwierk representéiert 21 % vun alle Betriber an 21 % vum gesamten Emploi hei am Land.

Handwierk – dat heescht, eng Vilfalt vu Beruffer a Karriärsméiglechkeeten an dat esouwuel fir Leit, déi fréi hir berufflech Ausriichtung an d’Handwierk gemaach hunn, ewéi och fir Quereinsteiger, déi méi spéit iwwer Ëmweeër an d’Handwierk fannen an déi spéider an hirer berufflecher Karriär festgestallt hunn, datt hiert d’Häerz fir d’Handwierk schléit.

Wann s du Loscht hues, an engem villfältegen an innovative Secteur ze schaffen, dann huel deng Zukunft an d‘Hand. Informéier dech bei der Chambre des Métiers a looss dech vun hire verschiddene Servicer ënnerstëtzen, sief et fir eng Berodung fir eng adequat Weiderbildung oder awer fir d’Begleedung bei de Formalitéiten, fir eventuell e Betrib ze grënnen oder ze iwwerhuelen.

Weider Informatioune fënns du ënnert:
www.cdm.lu / www.handsup.lu / www.yde.lu