Skip to main content

Méindes de 15 Mee huet d’ACEL, am Kader vun de Nationalwalen den 8. Oktober, hiren Objectif 2028 virgestallt.

Hei weise mir op eng Rei u Problemer hin, déi d’Student:innen am Alldag betreffen an de Studium am In- an am Ausland erschwéieren oder verkomplizéieren. Mir wëllen hei awer och Usätz virstellen, déi längerfristeg de Student:innen hiren Alldag verbessere sollen.

D’ACEL huet sech a senger 39-järeger Geschicht ëmmer fir d’Student:innen agesat a kennt d’Uleies vu de Studentinnen a Studenten. An de kommende fënnef Jore gesi mir eng grouss Chance, vill Punkte vun eisem Objectif ëmzesetzen an och bei gréissere Projete gëllt et elo net de Moment ze verpasse fir déi néideg Schrëtt anzeleeden, esou dass dës och iwwer déi kommend Legislatur eraus Ëmsetzungfannen. Dofir riicht sech dëst Dokument un déi kommend Regierung mat der Opfuerderung, dësen Objectif am Kader vun engem Koalitiounsaccord a Consideratioun ze zéien.

Hei kënnt dir de ganzen Objectif 2028 liesen: Objectif 2028