Déi 42. Editioun vun der REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) huet vum 24. bis de 27. September 2026 zu Oochen stattfonnt, nodeems d’REEL viru siwe Joer fir d’lescht do organiséiert gi war.
Ronn 140 lëtzebuergesch Student:innen aus ganz Europa sinn zu Oochen zesummekomm, fir un engem ofwiesslungsräiche Programm deelzehuelen. Wärend de véier Deeg stoungen nieft kulturellen Aktivitéiten a gesellege Momenter virun allem den Austausch an d’Diskussiounen iwwer aktuell gesellschaftlech Themen am Mëttelpunkt. Besonnesch den Afloss vun enger alternder Gesellschaft op d’Reformfäegkeet vu Lëtzebuerg huet dobäi eng zentral Roll gespillt.
Den Donneschdeg stoung am Zeeche vum Austausch tëscht de Student:innen. An dräi Workshops goufen Themen ewéi „D’REEL vun haut a muer“, „Stagen an Aarbechtsmarché“ a „Social Media“ diskutéiert. No dësen interessanten a konstruktiven Diskussioune goufen d’Resultater an enger gemeinsamer Plenière virgestallt, sou datt all d’Participanten och en Abléck an d’Diskussioune vun den anere Workshops kruten. Uschléissend huet eng Partnerfoire stattfonnt, bei där d’REELaner:innen d’Méiglechkeet haten, mat verschiddene Firmen a potenziellen zukünftegen Employeuren a Kontakt ze kommen.
De Freideg stoung de kulturellen a wëssenschaftleche Volet am Virdergrond. D’Participante konnten ënner anerem e Supercomputer, e Laserinstitut, eng Stärewäert, en Institut fir Gehirfuerschung an de Logistikzenter vu Babor besichen. Duerno huet e Stadrallye duerch Oochen d’Student:innen a klenge Gruppen zesummebruecht. Duerch verschidde Spiller an Aufgabe konnten si d’Stad entdecken a sech gläichzäiteg besser kenneléieren. Den Dag gouf mat engem gemeinsamen Owesiessen an enger Soirée publique am Club ofgeschloss.
De Samschdeg stoung mat der Journée politique ee vun den Héichpunkte vun der REEL um Programm. Als Invitéë konnte mir d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin, d’Deputéiert Laurent Zeimet, Djuna Bernard, Ben Polidori a Sven Clement, souwéi de Patrick Dury, de Marc Lauer, d’Alix Ramos an de Liam Bremer begréissen. Am Mëttelpunkt stoungen d’Roll vun der Jugend an der Politik an d’Fro, wéi eng Auswierkungen d’Alterung vun der Gesellschaft op d’Reformfäegkeet vu Lëtzebuerg huet.
Den Dag huet mat enger kuerzer Aféierung an d’Thematik ugefaangen, ier d’Student:innen a verschiddene Workshops hir Meenungen an Iddien austausche konnten. D’Resultater goufen duerno an enger gemeinsamer Plenière virgestallt. Nom Mëttegiessen hunn zwou Table rondë stattfonnt, bei deenen d’Student:innen d’Méiglechkeet haten, mat den Invitéen an d’Gespréich ze kommen. Wärend déi éischt Table ronde sech mat der Participatioun vun der Jugend un der Politik beschäftegt huet, stoungen an der zweeter d’Reformfäegkeet vu Lëtzebuerg an d’Digitaliséierung am Mëttelpunkt. Den Ofschloss vun dësem diskussiounsräichen Dag huet déi traditionell Soirée chique gebilt, bei där d’REELaner:innen zesumme mat den Invitéen d’Journée politique an enger gemittlecher Atmosphär ausklénge gelooss hunn.
Um Sonndeg, dem leschten Dag vun der REEL, haten d’Participanten nach eemol d’Méiglechkeet, u verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen. Um Programm stoungen ënner anerem eng Visitt an enger Schwämm, eng Wäindegustatioun an d’Besichtegung vun enger Brauerei.
Domat ass eng gelongen 42. Editioun vun der REEL op en Enn gaangen, déi nieft interessanten Diskussiounen a spannenden Aktivitéiten och vill Geleeënheete gebueden huet, nei Kontakter ze knäppen a bestoend Frëndschaften ze verdéiwen. Souwuel d’Participanten ewéi och d’Invitéë koumen dobäi voll op hir Käschten. E grousse Merci geet dofir un de REEL-Comité vun Oochen, deen duerch säin Engagement an déi vill Aarbecht eng onvergiesslech Editioun vun der REEL méiglech gemaach huet!