D’Studentefoire geet an eng nei Ronn!Dëst Joer fënnt déi 40. Editioun vun der Studentefoire, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR), an der Coque um Kierchbierg statt.
🗓️ Donneschdes, den 29. Oktober 2026, vun 9.00 bis 18.00 Auer🗓️ Freides, den 30. Oktober 2026, vun 9.00 bis 16.00 Auer
Wärend zwee Deeg hutt dir d’Méiglechkeet, iech bei iwwer 180 Aussteller iwwer är Zukunft, verschidde Studienofferen a berufflech Perspektiven ze informéieren. Egal ob dir iech fir e Studium zu Lëtzebuerg oder am Ausland interesséiert, no Méiglechkeete sicht, iech ze engagéieren, oder méi iwwer verschidde Beruffer a Karriärsweeër gewuer gi wëllt – op der Studentefoire ass fir jiddereen eppes dobäi!
D’Aussteller sinn a véier grouss Beräicher opgedeelt:
- Studien – Lëtzebuerg: Entdeckt déi verschidde Weiderbildungsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg, vun de BTS-Formatiounen iwwer déi verschidde Bachelor- a Masterstudiegäng op der Uni.lu bis hin zu weideren interessante Studieofferen.
- Studien – International: Léiert international Universitéiten an Héichschoulen kennen a kritt en Abléck an déi verschidde Studieofferen am Ausland. Och d’Lëtzebuerger Studentecerclen aus verschiddene Länner sinn dobäi, fir hir Erfarungen ze deelen an iech en Abléck an d’Studenteliewen am Ausland ze ginn.
- Engagement & Benevolat: Entdeckt Méiglechkeeten, iech ze engagéieren, nei Erfarungen ze sammelen an iech aktiv an der Gesellschaft anzebréngen.
- Beruffer & Karriären: Informéiert iech iwwer verschidde Beruffer, Karriärweeër an d’Perspektiven, déi iech no der Schoul oder nom Studium opmaachen.
International huet d’Studentefoire vill ze bidden: 17 Länner sinn dëst Joer vertrueden. Mat dobäi sinn Lëtzebuerg, d’Belsch, Däitschland, Éisträich, Frankräich, Holland, Irland, Lettland, Portugal, Spuenien, d’Schwäiz, Groussbritannien, Japan, Kanada, Australien an Neiséiland, an d’USA.
D’Studentefoire ass déi ideal Geleeënheet, fir Froen ze stellen, nei Iddien ze sammelen an erauszefannen, wéi eng Méiglechkeeten et fir är Zukunft ginn. Profitéiert vun der Geleeënheet, fir mat Vertrieder vu verschiddenen Institutiounen a Beräicher a Kontakt ze kommen an iech bei äre Choixen inspiréieren ze loossen.
🚆🚌🚗 Mir recommandéieren iech mam Tram (Arrêt „Coque“) oder mam Bus ze kommen. Wann dir léiwer mam Auto kommt, ass dat natierlech och méiglech. Bedenkt awer, dass d’Parkméiglechkeeten an der Ëmgéigend limitéiert a bezuelpflichtëg sinn.
Méi Informatioune fannt dir op studentefoire.lu
Mir freeën eis op iech!