D’Regierung huet am Koalitiounsaccord eng Debatt iwwer de Lëtzebuergesche Pensiounssystem annoncéiert. D’ACEL huet sech an der leschter Zäit scho mat verschiddenen Acteure getraff, fir sech op déi breet Diskussiounen am Hierscht virzebereeden.

 

An dësem Kontext wollte mir dowéinst och direkt Meenung vun de Student:innen héieren, déi mir an dëse Gespréicher vertrieden. Dëse Post soll déi wichtegst Informatiounen zum Pensiounssystem vermëttelen. Natierlech ass et net méiglech esou ee komplext Thema a sou kompakter Versioun vollstänneg ze erklären, dofir wëlle mir dech ureegen dech méi mat dëser Thematik auserneen ze setzen. (Mir gi keng Garantie op Vollstännegkeet) D’Pensioun ass een Thema dat fréier oder spéider jidderee vun eis betreffen an dofir och interesséiere wäert.

Wann s du also der Meenung bass, dass du elo wëlls bei dëser Thematik zu Wuert kommen an s du wëlls dass deng Meenung mat afléisst, da maach bei eiser Ëmfro mat.

Méi Informatiounen
Informatiounen
Ëmfro
Selected Value: 5
guer net (0) bis ganz gutt informéiert (10)
Zum Beispill : Wat hälls du vum Pensiounssystem? Wat ass fir dech wichteg? Wéi ass deng Meenung zu enger Reforme? ...

Informatiounen zu dir