LSK
Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern
Wee si mir?
Mir sinn de Lëtzebuerger Studentencercel zu Kaiserslautern. 1981 gouf de Cercle um Fouss vum berüümte Betzenberg vun e puer couragéierte Lëtzebuerger:innen gegrënnt fir d‘Studenteliewen hei zu Kaiserslautern ze verschéineren. Zënterhier gëtt de Cercle ëmmer méi grouss. De Moment studéiere ca. 200 Lëtzebuerger Student:innen zu Kaiserslautern, dovu sinn der ronn 50 Member am LSK.
Wat maachen mir?
- Eist gréisst Event ass eisen alljärleche Beachvolleyball-Intercercle, wou sech méi wéi 180 Student:innen aus anere Studentestied zesummefanne fir un eisem Tournoi zu Kaiserslautern deelzehuelen.
- Eemol am Joer fënnt eis legendär Bistropiad statt. D'Ekippen trieden am Darts, Kicker a Billard géinteneen un. Gewënnerekipp gëtt ob eisem renomméierte Wanderpokal veréiwegt.
- Wat wier Kaiserslautern ouni de Fussball? Schoun säit Joerzéngten hëlt den LSK als Ekippe bei der Uniliga ob der Uni deel, wou wéchentlech Turnéiere gespillt ginn.
- Egal ob dobannen oder op der Terrasse, all Dënschden treffe mir eis fir eise Stammdësch, wou mir niewe Gespréicher a Spiller och den en oder aneren drénken.
- Fir eis Chrëschtfeier kommen eis Memberen an hire beschte Sonndeg-Kleeder a loossen et sech den Owend mat engem 3 Gänge Menu an dem en oder anert Glas Wäin gutt goen.
Verfolleg eis an de soziale Medien


