Skip to main content

AVL

Akademischer Verein d'Lëtzebuerger

Wee si mir?

Den AVL ass ee Studenteveräi mam Zill Lëtzebuerger Studenten zu Oochen zesummenzebréngen an den Austausch ënnerteneen ze fërderen. Sou soll een Zesummeliewen niewent dem Studium garantéiert ginn a Frëndschaften aus der schéinster Zäit-dem Studium- fir Zukunft geschaaft ginn. Doniewent steet de Comité a reegelméissegem Kontakt mat anere Cerclë wei och der ACEL, dem Daachverband vun de Studenten, fir dat ganzt Joer iwwer ee flotte Programm zu an och ausserhalb vun Oochen ze erméiglechen.

Wat maachen mir?

  • Mir organiséieren dat ganzt Joer iwwer lauter sportlech Aktivitéiten. Nieft Sporteventer wei de Fussballstournoi de l'ambassadeur, ee Summer Beachvolleyballsmatch oder ee Spikeballtourneier hu mir och all Woch een Trainingsdaach am Volleyball, Fussball a Basketball.
  • Wann dat sportlecht engem näischt seet an een awer well Leit kenneléieren, dann ass de Stammdësch méindes am Kaktus déi perfekten Occasioun dofir. Ab 20h kann een do bei engem Patt zesummen iwwert Liewe philosophéieren.
  • Natierlech hu mir och nach weider ganz flott Eventer dat ganzt Joer iwwer alles am Motto zesummen eng gutt Zeit ze verbréngen an dat ganzt natierlech sou bëlleg wei nëmme méiglech.
  • Gréisser Aktivitéiten am Joer sënn am Summer eis Kulturrees (Budapest, Warschau, Bologna,...) an am Wanter eis Schivakanz (Portes du Soleil, 3 Vallées, Gaschurn,...). Vir sou wéineg Geld mat engem coolen Trupp leit an d'Vakanz fënnt een net sou oft.
  • Vir dat ganzt kennen ze Finanzéieren hu mir natierlech och vill Partner. Dowéint hu mir och all Joer eng Ponttorfeier wou am Vierdergrond steet an d'Gespréich mat de Partner ze kommen an evtl. eng Stageplaz oder eng Aarbechtsplaz ze ergatteren.
Verfolleg eis an de soziale Medien