Skip to main content

Jonk BAD

Studentencercel fir d’Lëtzebuerger Student:innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an an der Dokumentatioun

Wee si mir?

D’Jonk BAD ass de Studentencercel fir d’Lëtzebuerger Student:innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an an der Dokumentatioun. De Cercel gouf 2015 gegrënnt. Mir liewe matzen am Informatiounszäitalter, an dofir brauche mir Leit, déi Struktur an déi ganz Informatioune bréngen, fir duerno eppes erëmzefannen – an zwar dat Richtegt.

Wat maachen mir?

  • Eise Studielisting setze mir all Joers an Zesummenaarbecht mat eise Memberen op. An deem gi mir en Iwwerbléck iwwer d’Studienméiglechkeeten an eise Beräicher.
  • Mir beroden op Foiren an a Lycéen Schüler:innen a Student:innen iwwert de BAD-Beräich.
  • Mir ënnerstëtze Student:innen bei der Sich no Studentenjobs a Stageplazen.
  • Mir erméiglechen den Austausch zwëschent eise Memberen, Institutiounen an Associatiounen aus dem Kultursekteur.
  • Mat Events wéi BAD-Meets, gemeinsame Visitten an Aktivitéiten encouragéiere mir den Austausch zwëschent eise Memberen.
Verfolleg eis an de soziale Medien