Skip to main content

LSMaas

Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht

Wee si mir?

Mir sinn de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht (LSMaas). Den LSMaas ass nach ee ganz neie Comité dee réischt am Summer 2022 gegrënnt gouf nodeems de Cercle vun de Studenten aus Holland gespléckt gouf. Mir sinn do fir den Studenten sou gutt et geet an hierem neien Liewen zu Maastricht ze hëllefen an z’informéieren. Wärend dem Joer organiséiere mir och reegelméisseg Eventer éwei z.B.: Fräibéier, Bowling, ... an net ze vergiessen eisen Stammdësch all Mëttwoch am Peter's Irish Pub fir eis Studenten zesummen ze bréngen!

Wat maachen mir?

  • Kingsday Intercercle - Den 27. Abrëll ass an Holland Nationalfeierdag an dat gëtt esou richteg gefeiert. Et kann een et sech virstellen wéi den 23. Juni zu Lëtzebuerg, just orange gekleet!
  • Maastrichter Fuesboken - Am Februar gëtt zu Maastricht Fuesend esou richteg geféiert. Wéi een et och vun Köln den 11.11 kennt, geet een hei zesumme verkleed duech d’Stad a feiert zesummen.
  • Boat Party - 2x d’Joer organiséiert den LSMaas seng legendär Bootsparty, bei deem mer e puer Stonnen um Floss ënnert eis a Party Stëmmung zesumme verbréngen.
  • Pubcrawl - Mir weisen eise Studenten déi beschte Caféeën a Spots aus Maastricht verbonne mat klenge Spillecher an Challenges.
  • Chrëschtmaart-Tournée - All Wanter reest den LSMaas an d’Géigenden ronderem bei eis Noopeschcerclen fir de Glühwäin op den ënnerschiddlechste Plazen ze schmaachen an zesummen e gudden Owend ze verbréngen.
Verfolleg eis an de soziale Medien