
AELL
Association des Étudiants Luxembourgeois à Lausanne
Wee si mir?
D'Association des Étudiants Luxembourgeois à Lausanne (AELL) vertrëtt Studenten:innen vun Lausanne seit mei wei 50 joer. Mir sinn Studenten:innen vun der EPFL, UNIL an Studenten:innen am Stage zu Lausanne an proposéieren vill Aktivitéiten. Mir hëllefen dobäi den neien Studenten:innen fir sech méi einfach déi éischt Joren ze integréieren, an facilitéieren den Austausch vun essentiellen Informatiounen zum Studenteliewen. All d’Student:innen sinn an eisem Cercle wëllkomm, mir freeën eis iwwer jiddereen deen bei eis matmaachen well, ob franséisch, däitsch, englesch oder natierlech Lëtzebuergesch-sproocheg.
Wat maachen mir?
-
Balelec BBQ: All Joer fënnt den Balelec statt, den gréissten Studentenfestival an Europa um Campus vun der EPFL. Mir organiséieren wärend dem Nomëtten en all-you-can-eat an all-you-can-drink BBQ fir d'Leit op d'Stëmmung vum Festival virzebereeden.
-
Lausanne Pubcrawl: D'Semesteren fänken ëmmer mat engem Pubcrawl un. Mir ginn duerch déi beschten Bars vun Lausanne an den Comité gëtt hei an do mol eng Tournée aus.
-
Schi-Weekend: Mëtt Februar fënnt eisen Schi-Weekend statt. Mir huelen eis en schéinen Chalet an den wonnerschéinen Bierger vun der Schwäiz. Um Programm sinn Schi fueren, Après-Schi an legendär Owendiesse.
-
Swisscup: All Joer gëtt et den Sports-Tournoi tëschent den Schwäizer Cercle (Zürech, Fribourg an Lausanne). Mir probéieren dann ëmmer d’Coupe Heem ze bréngen fir ze weisen dass mir den beschten Cercle aus der Schwäiz sinn !
Verfolleg eis an de soziale Medien