Skip to main content

ELAN

Étudiants Luxembourgeois à Nancy

Wee si mir?

Den ELAN, 2007 gegrënnt, ass d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Student:innen zu Nanzeg. Mee hannert dësem onscheinbaren Numm, verbiergt sech esou vill méi, ewéi nëmmen e Student:innencercle. Doduerch, dass mir nëmmen aus 30-40 Membere bestinnn, hu mir et fäerdegbruecht eng kléng lëtzebuergesch Famill an dëser Staat opzebauen, déi sech reegelméisseg trefft fir flott a vilfälteg Soiréeë mateneen ze verbréngen a soumat e Stéck Doheem mat a Frankräich ze bréngen.

Wat maachen mir?

  • Eis Daaf déi Mëtt Oktober stattfënnt, mat flotten an kréativen Mutproben, bei denen all néien ELANer:in sech (an seng Alkoholtoleranz) ënner Beweis stellen muss. Definitiv näischt fir liicht Nerven.
  • Color Schëdden: Du wollt schon ëmmer eng Kéier un enger Cocktail Themenparty deelhuelen, wous du genau dat ze drénken kriss, wat dengem Kostüm entsprecht, dann ass des Soirée fir dech.
  • Eis legendär Quizowender, bei denen eis clever ELANer:innen hiert Wëssen mussen ënner Beweis stellen, an d'Gewënner sech no vill Kappdämpen iwwer en flotten Präis kënnen freeën.
  • Den Wichtelowend, rondrëm Zäit vun Niklosdag, wou jidderen mat engem groussen Paak ukënnt an keen mat eidelen Hänn heemgeet. Gëtt et eppes méi schéines, wéi seng léiwst ELAN-Kollegen mat engem flotten Kado ze iwwerraschen?
  • Soirée des Anciens, bei der mir eis aal ELANer:innen mol rëm zu Nanzeg begréissen an mat hinnen en wonnerbaren Dag an (langen) Owend verbréngen. Eemol ELAN, ëmmer ELAN.
Follow eis an de soziale Medien