Skip to main content

Letz’Aix

Association des Étudiants Luxembourgeois à Aix-en-Provence

Wee si mir?

De Letz'Aix ass am September 2003 gegrënnt ginn a säitdeem geet et drëms d'Interesse vun all de lëtzebuergeschen Student:innen zu Aix besser ze verwalten a géigeniwwer der ACEL ze vertrieden. D’Zil ass et d'Student:innen zu Aix zesummen ze bréngen, hir Integratioun ze erliichteren an hinnen d’Studenteliewen esou agreabel wéi méiglech ze gestalten. De Comité ënnerstëtzt d'Student:innen och bei administrativen Demarchen a fërdert de Kontakt tëscht neien an ale Student:innen. Fir en dynamesche Gruppenzesummenhalt ze erhalen, ginn reegelméisseg gemeinsam an flott Owenter, kulturell Aktivitéiten an Ausflich organiséiert. Bei Froen oder Problemer steet de Comité natierlech och ëmmer zur Verfügung fir d'Student:innen.

Wat maachen mir?

  • Fir d’Schouljoer gutt unzefänken, fuere mir zesumme mat de Student:innen op d’Gorges du Verdon, wou mir de ganzen Dag laang am ganze Grupp um Séi mat Booter fueren a profitéieren.
  • Mir organiséieren all Joer e Wine tasting fir eis Memberen, perfekt fir eis nei Leit kennen ze léieren a zesummen lokale Wäin an entspaanter Ambiance ze genéissen.
  • Ronderëm de 6. Dezember organiséiert de Letz’Aix all Joer seng traditionell Kleesifriess wat fir e gemittlecht Zesummesin mat Iessen, Kaddoen a Stëmmung steet,fir eis lëtzebuergesch Traditioun vum Kleesche bäizebehalen.
  • Reegelméisseg organiséiere mir Weekender flott Apéroen fir eis lëtzebuergesch Student.innen, ideal fir sech kennenzeléieren, zesummen ze feieren a schéin, gemittlech Momenter ze deelen.
  • Am Summer organiséiere mir zesumme mat anere franséische Cerclen eng grouss Soirée française déi oppen fir jiddereen ass, mat gudder Ambiance a Musek vu verschidden DJ's a villen Leit!
Verfolleg eis an de soziale Medien