Participatioun un de Festivitéiten zum Trounwiessel
De 4. Oktober huet d'ACEL an hier Membersorganisatiounen d'Méiglechkeet un de Festivitéiten zum Trounwiessel deelzehuelen. Insgesamt kenne mer mat bis zu 40 Persounen deelhuelen an et ass erwenscht, dass dir Kleedung undoot déi äre Cercle representéiert (Faluche, Tshirt, Jacket, Kaap, Pullover, Fändel, Maskotchen, …) Konkret geet et em d'Event "Dem Grand-Duc seng féierlech Tournée" woubai mir an engem Tram zum Thema "Perspektiven" mat aaneren Akteuren aus dem Lëtzebuerger Jugend Bénévolat bis op d'Roud Bréck an der Stadt gefouert ginn, fir dann do e kuerzen Austausch mat der groußherzoglescher Koppel ze hunn. Daat gett dann och mat Live-Kommentar owes op RTL gestreamed. D'Event selwer fennt den 4. Oktober statt, woubäi mir eis um 17:00 beim European Convention Centre mat den aaneren Participanten treffen mussen (hei ass fir de Catering gesuecht). Dono wäert ee nach bis 22:00 um Glacis sinn, wou een sech am VIP-Beräich mat Catering a Gedrénks ophaale kann. Prouwen fannen den 13. oder 14 September statt an nachengkéier an der Nuecht vum 2. op den 3. Oktober. Eng Participatioun un de Prouwen ass net dringend noutwänneg, awer opmannst 10 Persounen mussen drun deelhuelen.
Format: +352 XXX XXX XXX
Heibäi handelt et sech em d'Haaptevent, et geet wahrscheinlech bis 22 Auer
Heibäi handelt et sech em eng Prouw
Heibäi handelt et sech em eng Prouw
Heibäi handelt et sech em eng Prouw