Skip to main content

NSA

Nursing Students Association Luxembourg

Wee si mir?

D'Nursing Students Association Lëtzebuerg (gegrënnt 2024) ass déi éischt fachspezifesch Studentenassociatioun fir d'Infirmier/ièren am Grand-Duché. Dëst ass alles realiséiert gi mat folgenden Ziler :

  • Eng eenheetlech Stëmm schafen, déi all Lëtzebuergesch Infirmièrestudenten vertrëtt.
  • Sech fir de Fortschrëtt an d'Qualitéit vun der Infirmièreausbildung anzesetzen a bäizedroen.
  • Sech fir eng héichqualitativ, evidenzbaséiert Gesondheetsversuergung anzesetzen.
  • Informatiounen, Neiegkeeten a Meenungen ze verbreeden, déi fir Infirmièrestuden:innen, den Infirmiersberuff, souwéi staatlech a politesch Organisatiounen interessant sinn.
  • Ënnerstëtzung a Berodung bei der berufflecher Ausbildung a Weiderbildung vu senge Memberen ze bidden.
  • D'Interesse vun de Infirmièrestudent:innen ze fërderen an héich berufflech Idealer bei hinnen ze encouragéieren.
Mir sinn nach eng relativ nei Associatioun, soudass nach net sou vill Eventer statt fonnt hunn. Mir freeën eis awer als engagéiert Associatioun un den nächsten Eventer vun der ACEL deelzehuelen a mat de verschiddenen Cerclen ze kollaboréieren.

Wat maachen mir?

  • Mir bidden de Student:innen un gratis Nohëllef ze ginn an den Fächer oder Themen wou se nach Problemer hunn. Dëst ganz am Stil : Vu Student:in fir Student:in.
  • Enn vum Joer maache mir en Welcome at the NSA Day wou mir Student:innen, déi an der Associatioun sinn op ee Patt alueden.
  • Mir wäerten och un den Eventer vun der ACEL mat dobäi sinn an d'Infirmiersstudent:innen vertrieden.
Verfolleg eis an de soziale Medien