Skip to main content

Pubquiz & Beerpong

Fr21nov10:00 am11:59 pmPubquiz & BeerpongFriblëtz-IC

Event Details

Léif Cerclen,

Dëst Joer fënnt eisen traditionelle Beerpong-Intercercle de Weekend vum 21.-22. November statt.

Mir starten eisen Intercercle Freides Owes mat eisem Pubquiz wou dir äert Wëssen an ënnerschiddleche Kategorien ënnert d’Prouf stelle kënnt🧑🏻‍🎓

Samschdes starte mir mat engem Pancake-Brunch am Buch et Buck fir eis fir den Tournoi ze stäerken🥞

Vun do aus fuere mir all zesumme bei d’Location wou dir är Kënne am Beerpong op den Dësch leeë kennt. Den Tournoi wäert am fréie Mëtteg ufänken a bis an den Owend eran daueren. Gespillt gëtt an 2er-Teams nom Schwäizer System. Déi dräi bescht Equippe ginn um Ënn vum Tournoi mat flotte Präisser belount🏆

No der Präisiwwerreechung gëtt et dann nach eng Afterparty an déi ganz motivéiert ënnert iech kënnen dann nach eiser Bäckerei des Vetrauens e Besuch fir e klenge Midnight-Snack ofstatten💃🏼

Fir den Tournoi hues de d’Méiglechkeet mat Béier oder engem Äppel-Cidre (+5) ze spillen. De Präis fir de ganze Weekend ass fir:

Memberen: 20€ Net-Memberen: 25€

D’Umeldunge lafe bis den 19.11.2025. Du bass réicht ugemellt, wanns du de Montant via Digicash un d’Nummer +352 621 367 506 (Lynn Rohmann) mam Vermierk ,,Numm + Beerpong Intercercle” iwwerwisen hues.

Mëll dech sou séier wei méiglech u fir deng Plaz um Tournoi an eng méiglech Schlofplaz ze sécheren. Den Tournoi ass op 32 Ekippe limitéiert.

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSePa5XJ1R4luTuNSbWOKAMbB1KeB5O2GrrAXRiyfUa8Sb1AAw/viewform?usp=dialog

Wanns du eleng komme wëlls, ass dat och kee Problem. Et fënnt sech sécher eng Persoun mat däers du en Team zesumme bilde kanns.

Fir keng Informatiounen iwwer den Intercercle ze verpassen, luede mir dech an d’Whatsapp-Grupp an: https://chat.whatsapp.com/K8XBCJXHbgS51CeVSKHzR7

Mir freeën eis op en amüsante Weekend mat iech!

Äre Comité Friblëtz🤍

more

Auerzäit

November 21, 2025 10:00 am - 11:59 pm(GMT+01:00)

Location

Fribourg (CH)

Other Events