Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou’s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass?

Dann sief och du Student fir 1 Dag a géi mat op eng vun de Visitten an 25 verschidden Universitéitsstied a 5 verschiddene Fächer, organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen.

Student fir 1 Dag 2025

Och d’nächst Joer an der Ouschtervakanz wäert erëm de Student fir 1 Dag stattfannen. D’ACEL ass fläisseg amgaangen déi nächst Editioun ze plangen.

D’Umeldungen fir de Student fir 1 Dag 2025 ginn Ufank bis Mëtt Februar 2025 op. Ab elo kanns du dech awer schon an eiser Mailinglescht androen, esou verpass du net wann d’Umeldungen opginn!

Hal dech um Lafenden, mir freeën eis dech beim Student fir 1 Dag kënnen ze begréissen.

Du hues scho Froen? Schreif eis! Du kanns eis iwwer FacebookInstagram oder per Mail op email hidden; JavaScript is required erreechen!

Student fir 1 Dag 2025 - Mailinglescht
Mat dëser Mailinglescht gess du benochrichtegt wann d'Umeldungen fir de Student fir 1 Dag opginn
Destinatiounen 2024
Datum Stad Cercle Transport
2. Abrëll Freiburg SLUF Bus
2. Abrëll Paräis AELP Bus
3. Abrëll Nanzeg ELAN Bus
3. Abrëll Bonn Alesontia Bus
4. Abrëll Saarbrécken LSS Bus
4. Abrëll Belval (uni.lu) LSL Eegeninitiativ
5. Abrëll Kaiserslautern LSK Bus
5. Abrëll Amsterdam RLA Bus
8. Abrëll Bréissel CELB Bus
8. Abrëll Zürech LSZ Bus
8. Abrëll Oochen AVL Bus
9. Abrëll Wien LSW Fliger
9. Abrëll Köln LSC Bus
9. Abrëll Düsseldorf LSD Bus
9. Abrëll Lausanne AELL Eegeninitiativ
10. Abrëll Tréier LST Bus
11. Abrëll Berlin VLIB Fliger
11. Abrëll München LSM Fliger
11. Abrëll Innsbruck LSI Eegeninitiativ
12. Abrëll Léck Lëstlé Bus
12. Abrëll Maastricht LSMaas Bus
12. Abrëll Karlsruhe AELK Bus
12. Abrëll Heidelberg LSH Bus
13. Abrëll Stroossbuerg ALUS Bus

All Datumer léien an der Ouschtervakanz (5.-20. Abrëll 2025), di genee Datumer fennt een wann d’Umeldungen op sinn.

Frequently asked Questions (FAQ)

1. Unmeldung

  • Bis wéini kann ech mech umellen?
    Du kanns dech 2-3 Schaffdeeg virun der Rees umellen. Déi genau Deadlinen fënns du an der Tabell hei uewendriwwer. Denk awer drun: d’Plaze si limitéiert, déi éischt si fir!
  • Wéini sinn ech definitiv ugemellt? 
    Eréischt wann’s du bezuelt hues, bass du definitiv ugemellt. Du kriss an deem Fall eng Bestätegung.
  • Ech stinn op der Waardelëscht.
    Ass een op der Waardelëscht kann een och no der Deadline nach noréckelen, wann spontan een ofspréngt. Soulaang keng Waardelëscht affichéiert gëtt, si nach Plazen disponibel
  • Kann ech mech fir zwou Reesen, déi ob engem Dag ugebuede ginn, umellen?
    Leider ass d’Kombinatioun aus Stied déi de selwechten Dag ugebuede ginn net méiglech. Et kann een sech awer fir zwou (oder méi) Stied, déi net de selwechten Dag besicht ginn, umellen.
  • Ech hunn Problemer mat der Umeldung.
    Bei Problemer mat der Umeldung, mell dech bei eis. (email hidden; JavaScript is required)

2. Bezuelung / Präis

  • Wéi muss ech bezuelen?
    Direkt wärend der Umeldung kanns du online via Payconiq oder mat enger Kreditkaart bezuelen. Dëst verleeft op sécher Aart a Weis. Soubal’s du bezuelt hues, bass du definitiv ugemellt. D’Bezuelung ass direkt um Site via Payconic méiglech. Alternativ kann een eis de Betrag och iwwerweisen. Schreiw eis eng Mail u email hidden; JavaScript is required a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn.
  • Wéi bezuelen ech, wann ech keng Méiglechkeet hunn mat enger Kreditkaart ze bezuelen?
    Wann‘s du keng Méiglechkeet hues mat enger Kreditkaart ze bezuelen, da maach d’Säit vun der Bezuelung (Schrëtt 6) einfach zou (deng Donnéeën si bei eis gespäichert) a schreiw eis eng Mail u email hidden; JavaScript is required a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn. Bedenk awer, dass d’Plaze limitéiert sinn an déi, déi als éischt bezuelen, Virrecht hunn.
  • Wat ass alles am Präis mat dran?
    Bei all Rees ass de Programm an der jeeweileger Stad souwéi e Mëttesiessen am Präis mat dran. Zousätzlech ass bei de Stied (mat Ausnam vun Amsterdam, Berlin, Innsbruck, Fribourg (CH), Wien, München an Zürech) och den Transport mam Bus am Präis mat dran a bei de Stied Berlin, München a Wien den Transport mam Fliger mat dobäi wann s du dech fir de Vol mat Luxair entscheets. Wou a wat et z’iessen gett kann een an de Programmer respektiv bei de Cerclen selwer nofroen.

3. Alter / Autorisatioun parentale

  • Ech sinn net op 1ère, dierf ech awer deelhuelen?
    Jo, jiddereen dee wëll dierf um Student fir 1 Dag deelhuelen. Du dierfs soumat och deelhuele wann’s du nach net op 1ère bass oder d’1ère schonn hannert dir hues.
  • Wéini brauch ech eng Autorisation Parentale?
    Wann’s du den Dag vun der Rees ënner 18 Joer al bass, da brauchs du eng Autorisation Parentale (ausser fir de Student fir 1 Dag um Belval). Bei Amsterdam, Berlin, Innsbruck, Fribourg (CH), Wien, München oder Zürech brauchs du keng Autorisation Parentale wann’s du mat enger erwuessener Persoun (z.B. dengen Elteren) urees.
  • Wou kréien ech eng Autorisation Parentale a wou muss ech déi ofginn?
    Deng Autorisation Parentale kriss du bei denger Gemeng. Bei de Reesen mat engem vun eis organiséierten Transport, muss du deng Autorisatioun bei der Umeldung eroplueden. Denkt awer drun, dass du deng Autoristioun Parentale och um Dag vun der Rees dobäi muss hunn.
  • Ob wien schreiwen ech meng Autorisation Parentale?

    • D’Autorisation Parentale muss du, mat Ausnam vun Amsterdam, Berlin, Innsbruck, Fribourg (CH), Wien, München an Zürech, op d’ACEL – Association des cercles d’étudiants Luxembourgeois ausstelle loossen.
    • Bei enger Urees an Eegeninitiativ brauchs du eng autorisation parentale déi op dech selwer ausgestallt ass. Ausser en Erzéihungberechtegten begleet dech.
    • D’Autorisation parentale ka bis virum Départ via Mail u email hidden; JavaScript is required oder perséinlech nogereecht ginn.
  • Ech hunn ënner 18 Joer dierf ech awer mat?
    Du dierfs op all Rees mat ausser Maastricht. Fir d’Rees op Maastricht muss jidderee mindestens 18 Joer al sinn, sos kann s du dech, och mat enger Autorisation parentale, net umellen.

4. Transport

OPTIOUN 1: Transport mam Bus
  • Bei wei enge Reesen ass den Transport mam Bus garantéiert?
    Bei alle Reesen, mat Ausnam vun Amsterdam, Berlin, Innsbruck, Fribourg (CH), Wien, München an Zürech, ass den Transport mam Bus garantéiert.
  • Wou fueren d’Busser fort?

    • Zu Ettelbréck fiert de Bus um Parking bei der Däichhal fort
    • An der Stad um P&R Bouillon fiert de Bus um Busparking fort, ca. 100m westlech vum Fischer.
    • Déi genee Auerzäit vum Depart gett all Participant:e 2-3 Deeg virun der Rees nach eng Kéier matgedeelt.
    • Sief w.e.g. mat Zäiten do, de Bus ka leider net op dech waarden.
OPTIOUN 2: Transport op Eegeninitiativ
  • Wéi kommen ech an déi Stied, bei deene kee Bus organiséiert ass?
    Fir an déi Stied ze komme wou kee Bus organiséiert ass, ass d’Organisatioun vum Transport op eegen Initiativ a Käschten. Wéi’s du am einfachsten a bëllegsten dohi kenns, fënns du am Programm vun der jeeweileger Stad. Dëst betrëfft folgend Stied: Amsterdam, Berlin*, Innsbruck, Fribourg (CH), Wien*, München* an Zürech. 
OPTIOUN 3: Transport mam Fliger*
  • Bei wéi enge Reesen ass den Transport mam Fliger garantéiert?
    Mir bidde säit dësem Joer och eng Flugméiglechkeet fir folgend Stied un: Berlin, München a Wien. Dir kënnt natierlech och mat eegen Transport ureesen, dat kënnt dir bei der Umeldung uginn, wéi dir wëllt dohinner reesen.
  • Kréien ech mäin Fluchticket per Mail geschéckt?
    Soubal der bezuelt hutt kritt der eng Bestätegungsmail vun eis. De Fluchticket kritt der awer eréischt an deene 7 leschten Deeg vu Luxair zougeschéckt, well der bis 7 Deeg virdrunner ouni Grond kënnt stornéieren an dee Moment och är Sue ganz zeréck kritt.

5. Ofmeldung

  • Bis wéini kann ech mech nees ofmellen?
    Du kanns dech bis 2 Schaffdeeg virun der Rees ofmellen. Déi genau Deadlinë fir all Rees fënns du an der Tabell hei uewendriwwer. Wann’s du dech méi spéit wei déi genannten Deadlinen ofmells, kriss du deng Sue leider net zeréck.  Wann’s du uginn hues dat’s du de Fliger hëlls, muss du dech bis 8 Schaffdeeg virun der Rees ofmellen, soss kriss du deng Sue leider net zeréck.
  • Wéi kann ech mech nees ofmellen?
    Du kanns dech nëmmen ofmellen an deem’s du eis (email hidden; JavaScript is required) kontaktéiers. Wann’s du dech rechtzäiteg ofmells, iwwerweise mir dir esou schnell wei méiglech deng Suen zeréck.

6. Zousäzlech Froen

  • Wat fir eng Unie gi mir kucken?
    An de jeeweilege Programmer vun de Stied, gesäis du wat fir eng Uni’en besicht solle ginn. Gëff bei der Umeldung einfach déi Uni/Fakultéit un, déi dech interesséiert. Op d’Nofro hin, kann een och nach aner Uni’en/Fakultéite besiche goen.
  • Ween organiséiert de Student fir 1 Dag?
    De Student fir 1 Dag gëtt vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat de Cerclen an de jeeweilege Stied, souwéi och mat Voyages Emile Weber, der Uni.lu a Luxair organiséiert. An der Studentestad sidd dir déi ganzen Zäit vun de Lëtzebuerger Studenten aus der jeeweileger Stad encadréiert.

7. Wichteg Informatiounen virum Depart

Vergiesst net kuerz virum Depart wichteg Dokumenter matzehuelen, fir dat deng Rees mat eis ouni Probleem verleeft.

  • Carte d’identité
  • Schülerkaart
  • Snacks fir d’Busrees je no Distanz
  • Fir Mannerjäreger: Autorisation parentale
  • Fir Fligerreesen: Fluchbilljee (mobil oder physesch)
Galerie
Aftermovie

2024 (Aftermovie)

Emile Weber
Luxair

2024 (Interview)

Interview – Schüler:innen
Interview – Cercle