ANESEC

Association Nationale des Etudiants en Sciences Economiques et Commerciales

Missioun a Beschreiwung

D’ANESEC verfollegt mat hiren Aktivitéite follgend Objektiver:
  1. Representatioun vun de Stundenteninteressen aus dem Beräich vun de Wirtschaftswëssenschaften D’Zil ass et, all d’Lëtzebuerger Ekonomiesstudenten an enger eenzeger Associatioun ze vereenegen. Doduerch entseet eng Plattform déi den Informatiounsaustausch fërdert an d’Deele vu perséinleche wéi och professionellen Erfarungen erliichtert.
  2. Den Iwwergang vu Lycéesschüler op d’Uni a vu Studenten an d’Beruffsliewe vereinfachen D’ANESEC steet a stännegem Kontakt mat ausgewielten Unien an Acteuren vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Doduerch erméiglecht d’ANESEC een einfache Kontakt tëschent dëse Partien. Dofir organiséieren a participéiere mir iwwert d’Joer un eng Rei Aktivitéiten, wéi z.B. d’Digital Business Days, de Student fir 1 Dag, visites d’entreprises, etc.
  3. Informatioun vun de Schüler a Studente
    1. Fir dësen Zweck publizéiert d’ANESEC eemol d’Joer säin „Guide du Futur Economiste“ an deem eng grouss Zuel u Studiegäng vun verschiddenen Universitéiten virgestallt ginn;
    2. All ANESEC Member kritt regelméisseg eng Newsletter déi iwwert ausgewielten Events, Stage- an Aarbeschtsofferen wéi och Aktualitéiten aus der Lëtzebuerger Wirtschaft informéiert;
    3. D’ANESEC ass op der Foire de l’Etudiant wéi och bei de Studieninfo vun der ACEL vertrueden. Hei kenne Schüler a Studenten an direkte Kontakt mat Comitésmembere kommen an sech iwwert déi verschidden Ekonomie-Studiegäng a Méiglechkeete renseignéieren. Aktuell huet d’ANESEC iwwert 500 Memberen an ass zu Lëtzebuerg nach ëmmer déi eenzeg Associatioun, déi d’Interesse vun de lëtzebuergeschen Ekonomie-Studente vertrëtt. Jiddereen deen e Bezuch zu Lëtzebuerg huet, ka bei eis Member ginn. D’Memberschaft ass gratis a kann op eisem Internetsite http://anesec.lu/ ugefrot ginn. D'ANESEC Comité besteet am Moment aus 10 engagéierte Comitésmemberen, déi hiert Mandat benevole ausüben.
D’Aktivitéiten vum Cercle
  • Digital Business Days: All Joër organiséiert d’ANESEC seng Business Days, wou d’Studenten d’Méiglechkeet hunn mat eisen Partneren ze schwätzen, sech iwwert déi verschidde Beruffer ze informéieren, souwéi sech fir aktuell Job Offeren fierzestellen.
  • Career Opportunity Day: Bei dësem Event fannen eng Table ronde souwéi verschidde Präsentatiounen zu engem spezifeschen Thema statt. Heibai hunn d’Studenten d’Méiglechkeet, sech mat Professionnellen aus hierem Feld auszetauschen. Dozou gëtt eng Job Fair organiséiert, wou d‘Studenten sech iwwert déi aktuell Stage- an Aarbechtsofferen informéieren kennen.
  • Visite d’entreprises: Als Partner vun de wichtegsten Entreprise vun der Finanzplaz Lëtzebuerg, erméiglecht d’ANESEC senge Memberen, verschidde Firmen ze besichtegen. Esou kann een sech an engem eenzegaartege Kader mat erfuerene Beruffstätegen austauschen an nei Kontakter hierstellen.
  • Networking Events: Zu eisen bekanntesten Networking Events gehéiert e Fräibéier op der Schueberfouer an diverse aner Socials, déi iwwert dat ganzt Joer stattfannen. Dës Evenementer hunn d’Zil sech ënnerteneen kennenzeléieren an den Erfahrungsaustausch zur Universitéit oder absolvéiert Stagen ze förderen


Contact: