AELP
Association des Étudiants Luxembourgeois à Paris
Wee si mir?
D’Association des Étudiants Luxembourgeois à Paris (AELP) regruppéiert all d’lëtzebuerger Student :innen zu Paräis, ganz egal ob wat fir enger Universitéit si sinn, oder wat si studéieren. D’Haaptaufgab vun der AELP ass d’Cohésioun vun de lëtzebuerger Student:innen zu Paräis ze fërderen, andeems d’AELP divers Eventer organiséiert. Déi gréissten a bekanntsten Eventer sinn d’Soirée Péniche, de Partybus, oder déi reegelméisseg Pottien. All dës Eventer erlaben et an engem flotten a décontractéierte Kader, d’Lëtzebuerger Student:innen zesummen ze bréngen an hinnen eng wuel verdéngte Paus vum Studium ze bidden.
Wat maachen mir?
-
Partybus - Eist wuel gréissten Event, bei deem e Bus gelount gëtt, dee wärend puer Stonnen mat DJ duerch Paräis fiert a bei de bekanntste Sehenswürdegkeete stoe bleift.
-
Soirée Péniche - Am Ufank vum Schouljoer ass dës Soirée ideal fir ob der Seine ob engem Bateau-Mouche nei Kontakter ze knüpfen a gutt an dat neit Joer ze starten.
-
Pottien - Eis reegelméisseg Stammdësch-Owender erlaben et, an engem gemittleche Bar an a gudder Gesellschaft eng Paus vum stressege Studenteliewen ze huelen.
-
Karaoke-Owender - Ee mol am Semester lount d'AELP e Karaoke-Sall wou d'Paräiser Student:innen hir Sangkënscht beweise kënnen.
-
Billard Tournoi - Ee mol am Semester organiséiert d'AELP e Billard Tournoi bei deem d'Student:innen sech a Gruppe géintenee beweise mussen.
Follow eis an de soziale Medien


