Skip to main content

ALEM

Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médécine

Wee si mir?

D'Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine vertrëtt lëtzebuergesche Medezin- an Zännmedezinstudent:innen sou wei och Dokteren an Dokteschen, déi am Gaange sinn, sech ze spezialiséieren. Der ALEM hier Missioun ass et d'Vernetzung vun de jeeweilegen ze verbesseren an hir Interessen op nationalem an internationalem Niveau vis-à-vis vun der Politik an de verschiddenen Acteure vum Gesondheetswiesen ze vertrieden.
Des Weideren informéieren si interesséiert Schüler:innen iwwert de Medezinstudium, wéi och iwwert de Pharmakologie- a Veterinärstudium, a sinn och an de verschiddenste Beräicher vun der Santé publique, der Éducation médicale an der Éducation sexuelle aktiv. Mir sinn ee Cercle dee scho laang besteet, virun allem wéinst fläissegem Engagement vun neie Memberen.

Wat maachen mir?

  • Training Day - een Übungsdaag fir all eis Memberen an deene verschiddenen Spezialisatiounen an den HRS
  • Journée du future médecin - eng Foire op der mir eise Memberen een direkten Austausch mat de verschiddenen Acteuren an Actricen aus dem Gesondheetssecteur erméiglechen
  • Student fir 1 Dag - wei ass et 1 Dag Medezinstudent:in ze sinn: Theorie & Praxis an eng Froeronn zum Studium
  • Intercercle Bluttspendemarathon & Studentebal
  • Ertsi Woche fir Medezinstudent:innen op der Uni Lëtzebuerg
Verfolleg eis an de soziale Medien