Skip to main content
ALESPS
Neie Cercle
Websäit Association Luxembourgeoise des Étudiant·es en Sciences Politiques et Sociétales
Land Fachspezifesch Cerclen

ALESPS

Association Luxembourgeoise des Étudiant·es en Sciences Politiques et Sociétales

Wee si mir?

D’Association Luxembourgeoise des Étudiant·e·s en Sciences Politiques et Sociétales (ALESPS) huet sech d’Zil gesat, als zentral Uspriechorganisatioun fir Student:innen aus de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien ze etabléieren. D’Zil vun der Associatioun ass et, d’Interesse vun de Student:innen ze vertrieden, si iwwer wichteg Entwécklungen an hirem Studium ze informéieren an eng Plattform ze bidden, wou si sech ënnereneen austausche kënnen.

Wat maachen mir?

  • Student:innen aus den ALESPS Fachberäicher vertrieden an informéieren.
  • Eventer bei deenen sech Student:innen aus der ALESPS hire Fachberäicher kenneléieren an austausche kennen.
  • Nieft dëser Roll engagéiert sech ALESPS och dofir, Schülerinnen a Schüler, déi sech fir e Studium an de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien intresséieren, mat nëtzlechen Informatiounen a Rot an Dot z’ënnerstëtzen.
  • Duerch Konferenzen, Diskussiounsronnen an aner Eventer wëll d’Associatioun d’Bewosstsi fir d’Relevanz vu politeschen a gesellschaftleche Sujete stäerken.
  • Op dës Manéier positionéiert sech d’ALESPS als a.s.b.l tëscht de Studentinnen a Studenten, de Schülerinnen a Schüler an der politescher an akademescher Welt, an als Motor fir en oppene Gedanken- an Informatiounsaustausch.
Verfolleg eis an de soziale Medien