Skip to main content

ALSEP

Association Luxembourgeoise Socio-éducative et pédagogique

Wee si mir?

D’ALSEP (Association Luxembourgeoise Socio-Éducative et Pédagogique) ass am Dezember 2024 an d'Liewe geruff ginn. Et handelt sech ëm ee fachspezifesche Cercle, deen all méiglech Studiegäng aus pädagogeschen, edukativen a soziale Beruffsrichtungen verbënnt.

Wat maachen mir?

  • D'ALSEP huet als Zil d'Student:innen aus den uewe genannte Beräicher mateneen a Kontakt ze bréngen an een Austausch ze erméiglechen.
  • An deem Kontext sollen am Joer verschidde Visitten, Informatiounsversammlungen an Events stattfannen.
  • Ausserdeem huet d'ALSEP als Zil d’Schüler:innen an hirer Studiewal a bei Froe, wéi och zum Iwwergang an d'Beruffsliewen, ze ënnerstëtzen.
  • Et kann een sech mat all senge Froen zum Thema Studium oder Beruffsliewe bei eis mellen déi ënnert Bildung, Erzéiung a Sozialberäich falen.
  • Et kënne Froen zum Studium a Lëtzebuerg oder am Ausland sinn, sou wéi iwwert d'Unerkennung vum Diplom oder och zum Thema Exame fir an de Beruff ze starten.
Verfolleg eis an de soziale Medien