Skip to main content

ANEIL

Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois

Wee si mir?

D'ANEIL representéiert Student:innen aus de Beräicher Ingenieurswiesen, Architektur, Naturwëssenschaften, Mathematik an Informatik.
Eis Haaptaufgabe bestinn doran, d'Interesse vun dëse Student:innen no baussen ze vertrieden an de Kontakt tëschent hinnen an den Entreprisen hierzestellen. Ausserdeem stelle mir déi Studiegäng a Beruffer, déi domat verbonne sinn, an de Lycéeë vir.

Wat maachen mir?

  • Dat wuel wichtegst Event vun der Aneil ass de "meeting". Hei stellen Entreprisen sech vir an d'Student:inne kënne Kontakter mat der Beruffswelt knëppen an no Stagen oder festen Ustellunge sichen.
  • De meeting gëtt encadréiert vun engem "All you can eat / drink" Catering an duerno engem Fräibéier.
  • D’ANEIL organiséiert dat ganzt Joer national awer och international Visitte bei Entreprisë fir eise Member:innen en éischten Abléck an d’Aarbechtswelt ze erméiglechen
  • Donieft iwwerhuelen mir d'Präsentatioun vum MINT Beräich an de Schoulen, a probéieren de Schüler:innen déi naturwëssenschaftlech Studiegäng méi no ze bréngen.
  • All Joer ënnerhuelen mir eng gréisser kulturell Rees wéi zum Beispiel an Japan (2025), Prag (2024), Toulouse (2023), …
Verfolleg eis an de soziale Medien