CELB
Wee si mir?
De CELB zielt all Joer ronderëm 550 Student:innen als Memberen a bidd zënter 1979 Hëllef, Spaass an Zesummenhalt fir all déi, déi zu Bréissel studéieren. Mir organiséiere reegelméisseg festlech, kulturell a sportlech Aktivitéiten, fir d’Studenteliewen esou interessant wéi méiglech ze gestalten. Esou brénge mir d’Lëtzebuerger Student:innen zu Bréissel zesummen, si fir si Uspriechpartner bei Froen oder Onkloerheeten a ënnerstëtzen hinnen, sech esou gutt wéi méiglech an d’Bréisseler Studenteliewen z’integréieren. Mir freeën eis drop, d’Lëtzebuerger Student:innengemeinschaft zu Bréissel och an Zukunft mat vill Engagement, Solidaritéit a Spaass ze vertrieden!
Wat maachen mir?
- Mir organiséieren de Bréisseler Bal den 28. Dezember : eng traditionell an grouss Festivitéit, déi d’Bréisseler (an natierlech och all méiglech) Student:innen aus dem In- an Ausland zesummebréngt.
 - Eis wöchentlech Eventer wéi Tournée des cafés, Bowling, Quizoowend oder soss kulturell Aktivitéite suerge fir Zesummenhalt an eng flott Stëmmung am Bréisseler Studenteliewen.
 - Mir ënnerhalen enk Kontakter mat Partnerorganisatiounen, Entreprisen an Institutiounen, fir eise Memberen Stages- a Beruffsméiglechkeeten ze bidden. Esou hëllefe mir hinnen, fréi Erfarung ze sammelen an wichteg Nëtzwierker fir hir Zukunft opzebauen, zu Bréissel wéi och zu Lëtzebuerg.
 - Am sportleche Beräich bidden mir ennert aanerem Gruppen am Lafsport, Volleyball, Fussball a Basketball un, wou all Member matmaache kann. Mir ginn och ee mol am Joer zesummen an d'Schivakanz.
 - Eis ImmoCELB- a Covoiturage-Gruppen hëllefen neie Student:innen, eng Wunneng oder een, mat deem een tëschent Lëtzebuerg a Bréissel fuere kann, ze fannen. An eiser WhatsApp-Grupp bleiwt och all Member um neisten Stand an gett iwwert dei nechst Eventer informeiert.
 


