Skip to main content

Friblëtz

Lëtzebuerger Student:innen zu Fribourg (CH)

Wee si mir?

De Friblëtz zielt mëttlerweil eng 50 Lëtzebuerger Student:innen zu senge Memberen. Gegrënnt gouf de Friblëtz 1996 vun enger Grupp Frënn déi de Lëtzebuerger Student:innen zu Fribourg wollten d’Méiglechkeet ginn sech méi einfach kennen ze léieren an sech auszetauschen. Traditionell soll de Cercle also de Kontakt tëschent de Student:innen erméiglechen an Informatiounen ubidden. Mëttlerweil organiséieren mir vill Eventer wei de wéchentleche Stammdësch oder de järleche Skiweekend, et gëtt zesumme Sport gemaach a bei akademesche Froe gehollef. Well Fribourg net déi gréisste Stad ass si mir e familiäre Cercle wou een ni wäit siche muss fir nei Frënn ze fannen.

Wat maachen mir?

  • Am Hierschtsemester organiséieren mir eisen traditionellen Beerpong-Intercerle. Hei begréissen mer lëtzebuergesch Student:innen aus aner Studentestied. Freides Owes fänken mer mat engem gemittlechen Pubquiz un. Samsses gëtt mëttes zesummen giess an dann mam Tournoi gestart.
  • Am Februar fënnt eisen Skiweekend-Intercercle statt. Dofir loune mir e Chalet am Berner Oberland wou mer feieren an Samsdes Ski oder Schlitt fuere ginn. Sonndes schleisse mer den Weekend mat enger gudder Fondue op enger Hütt of.
  • Den Swisscup ass en Sportsevent wou all Joer vun engem aneren schwäizer Cercle organiséiert gëtt. Dobäi trieden mer am Fussball, Volleyball an Vëlkerball géinteneen un an kucken ween zum Schluss den Pokal mat an seng Stad huelen kann.
  • All Woch organiséieren mir e Stammdësch an enger anerer Bar zu Fribourg. Desst ass eng flott Geleeënheet jiddereen rëmzegesinn, mateneen ze poteren an en Patt dobäi ze drénken.
  • Den Kleeschen kennt och, begleet vum Houseker an sengen Engelen op Fribourg: Bei enger gudder Fondue erzielt en eis Geschichten, déi eis Student:innen am Laf vum Joer gestiicht hunn.
Follow eis an de soziale Medien